D’Wieder fir de Last Summer Dance 2019

Et ass erem sou wäit: Dëse Weekend ass rem de Last Summer Dance Festival zu Ierpeldéng bei Angelduerf. Wéi sech d’Wieder iwwert de Weekend entwéckle wäert, gitt Dir hei gewuer.

No engem waarme Freide mat Temperature vu bis zu 30 Grad gëtt et fir den After Work och richteg agréabel. Meeschtens ass den Himmel kloer, just heiansdo zitt mol eng kleng an harmlos Wollek duerch. D’Temperature falen um Owend op 24 bis 17 Grad, an der Nuecht ginn d’Wäerter op 14 Grad zréck.

Um Samsden wäert et am Laf vum Dag no a no méi gro ginn, well eis no a no eng Kalfront méi no komme wäert. Mëttes bleift et awer nach meeschtens frëndlech mat vill Sonn an Temperaturen, déi e Maximum vun 31 Grad areeche wäerten. Dobäi bléist e schwaache Wand aus südleche bis südwestleche Richtungen. Am weidere Verlaf vum Nomëtte fanne no a no méi Wolleken hire Wee op Ierpeldéng, nach huet d’Sonn awer d’Iwwerhand. Um Owend areechen eis déi éicht bësse méi déck Wolleken aus Westen, déi zu de Virleefer vun der Kalfront zielen. Trotz de Wolleke bleift et awer drëchen, d’Temperature leien um Owend tëscht 20 a 25 Grad. Am weidere Verlaf vum Owend ginn d’Wäerter op 17 Grad zréck.

De Sonndëmëtte läit d’Kalfront méi oder manner iwwert eise Käpp. D’Temperaturen areeche just nach e Maximum vun 20 Grad. Am Nomëtten, ongeféier dann, wann de Programm ufänkt, besteet d’Wahrscheinlechkeet vun der enger oder anerer Reeschauer. En Donnerwieder sollt do awer net dobäi sinn. De Wand bléist mat Spëtzte vun 30 km/h aus westleche Richtungen. Vum spéidere Nomëtten un gëtt et lues a lues manner wollekeg an d’Wahrscheinlechkeet vu Schauere geet zréck. Um Owend pendle sech d’Temperaturen tëscht 14 a 17 Grad an. Um spéideren Owend lande se bei 13 Grad a liicht drënner.

Prognos fir Ärt Event?

Dir hätt gären eng Reklamm, déi gläichzäitëg als Prognos fungéiert, vir Ärt Event a Form vun engem Artikel op der Websäit an och op Facebook? Da mellt Iech ënner business@meteoboulaide.com