D’Wieder fir de Rammstein Concert

D’Waarden ass endlech eriwwer! Haut ass et souwäit, Rammstein kënnt fir e spektakuläre Concert op Lëtzebuerg. Spillt d’Wieder mat?

Klenge Schauerrisk, mee agréabel Temperaturen

Am Nomëtten an am spéidere Nomëtte besteet ëmmer nach e klenge Schauer- a Wiederrisk. Et muss awer net sinn, dass et genee iwwert dem Site naass wärt ginn. Leider léisst sech dat och just kuerzfristeg viraussoen. D’Temperature leie géint 16 Auer bei 26 Grad.

Am weidere Verlaf vum Owend, sou um 18 Auer, ass et mat 24 bis 25 Grad ëmmer nach summerlech waarm, dobäi zéien eng Partie Wollécken duerch. Et besteet ëmmer nach eng kleng Reewahrscheinlechkeet. Bis 20 Auer wärten d’Temperaturen op em 20 Grad zréckgaange sinn, et sinn ëmmer nach vill Wollécken ënnerwee. Am weidere Verlaf gëtt et awer no a no manner wolléckeg an et bleift mat enger ëmmer méi héijer Wahrscheinlechkeet och drëchen. D’Temperature leien um 22 Auer bei 18 Grad. Géint Mëtternuecht wärte just nach e puer eenzel Wollécken ënnerwee sinn, d’Temperature beweege sech am Beräich vun de 17 Grad.

Fazit: Mat Chance kënnt een den Owend komplett drëchen doduerch. Et sollt ee sech awer bewosst sinn, dass et duerch déi ugeschwaate Schauerwahrscheinlechkeet ebe net onméiglech ass, dass et awer mol naass gëtt. D’Temperature bleiwen an engem agréable Beräich an am Verlaf vum Owend gëtt et Stéck vir Stéck manner wolléckeg.


Link: Wéi gëtt d’Wieder déi nächst dräi Deeg zu Lëtzebuerg?