D’Wieder fir d’Trakterstreffen zu Ruedt/Ell

D’Oldtimer Gécken Ruedt organiséieren dëst Joer dat 3. Trakterstreffen. Well sech dat Ganzt haaptsächlech dobaussen ofspillt, hei eng Iwwersiicht iwwer d’Wieder.

De Verlaf

An de Moiesstonnen ass et nach meeschtens liicht wolléckeg, dobäi kann et eventuell zu eenzelne Niwwelfelder kommen. D’Temperature leien tëschen 12 a 14 Grad. Am Virmëtte klammen d’Wäerter op 17 bis 18 Grad erop, fir den Ufank vum Kaffi a Croissant um 9h wärt et ufänke lues a lues bësse méi wolléckeg aus Westen ze ginn. Zum Zäitpunkt vum Départ géint 11h maache sech méi Wollécke breet, et bleift awer meeschtens drëchen. Am weidere Verlaf vum Mëtten a Nomëtten zéie méi déck Wollécken op, déi fir déi eng oder aner Schauer suerge kënnen. D’Temperature klammen op e Maximum vun 21 Grad, de Wand bléist an der Moyenne mat 10 km/h aus westleche Richtungen, an de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Vum spéidere Nomëtten un gëtt et rem manner Wahrscheinlech, dass et reent. D’Temperature leien um Owend bei 15 Grad a falen an der Nuecht op 10 Grad zréck.

Nëmme geréng Reequantitéiten, falls Schaueren erofkommen. (GFS / wxcharts.com)