D’Wieder vir den ING 24 Stonne Laaf zu Wolz

De Weekend geet déi 5t Editioun vum ING 24h Run zu Wolz un den Départ. Mee op waat muss ee sech wiedertechnësch astellen?

De Weekend wärte sech Sonn a Wollécke gréisstendeels ofwiesslen. Um Samsde besteht punktuell am ganze Land verdeelt de Risk vun eenzelne Schaueren an Donnerwiederen, woubäi Wolz dolaanscht komme kéint. An och wa nët: D’Festivalgelänn ass iwwerdaacht, soudass een e schéinen Dag vum Site verbrénge kann. Et gëtt engem rondrëm d’Auer Ënnerhaalung gebueden, daat ënnert anerem duerch d’Krick, Kelly Decker, Jimmy Risch a ville weideren. D’Temperature packen et op 26 bis 27 Grad.

Um Sonndën ass de Risk vun der enger oder anerer Schauer aus aktueller Siicht gesinn als geréng anzeschätzen. Sonn a Wollécke wiessle sech of an et kënne nachengkéier Héchsttemperature vu bis zu 25 Grad ereecht ginn, mat Chance souguer 26 Grad. Dem Mammen- a Kannerlaaf sollt also näischt am Wee stoen.

EDIT 10.06.2018 – 03:33: Den Donnerwiederrisk vir de Sonndën ass méi héich wéi berechent. W.e.g d’Virwarnungen am Aen behaalen.

Soss Détailer zum 24 Stonne Laaf fannt Dir och op der offizieller Facebooksäit oder ënner 24hours.lu

Sollt sech awer kuerzfristëg eppes un der Lag änneren, gidd Dir daat op op der Warnsäit oder och op Facebook gewuer.