D’Wieder vir d’Schoulrentrée 2018/2019

Dëst Joer si mir am rare Fall, dass een vir d’Schoulrentrée am T-Shirt an och an der kuerzer Box rondrëmlaafe kann. Et gëtt nachengkéier richteg waarem.

Spéitsummer duerch Ex-Hurrikan HELENE

Um Méindenowend trëfft den Ex-Hurrikan HELENE als aussertropëscht Déifdrockgebitt op d’britësch Inselen. Virun allem op de Koppe kann et zu Stuermstéiss vu bis zu 120 km/h kommen, un de Küsten zu Iwwerschwemmungen. Lëtzebuerg kritt eng aner Säit vum Stuerm ze spieren: De Stuerm kënnt vun den Azoren hier eropgezunn, soudass en um Wee erop an England waarem Loftmassen aus Spuenien a Richtung Mëtteleuropa schleidert. Et bleift net nëmmen drëchen, et gëtt souguer iwwerduerchschnëttlech waarem.

Um Méinden ass d’Sonn sou gutt wéi stännëg ze gesinn, et zéie just e puer kleng an harmlos Wollécken duerch. Um Moie hu mir et mat Temperature vu 5 bis 14 Grad ze dinn, am Virmëtte geet et séier op 19 bis 21 Grad erop a lescht Niwwelfelder léise sech op. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwerter vu 24 bis 28 Grad ereecht, daat bei engem schwaache Südwand. Am Nomëtten ass keng Ännerung ze erwaarden, de Schauerrisk ass geréng bis kaum präsent.

850 hPa Temperatur ICON (wxcharts.eu)

Den Dënschde geet et vir d’7e erem un an och hei gëllt: Kuerz Box an T-Shirt net ze wäit wechleeën! De Modellrechnunge no steet de wärmsten Dag vun der Woch befir. Um Moien ass et meechtens kloer, just ganz lokal kënnt et zu Niwwelfelder. D’Werter leien tëscht 9 a 16 Grad a klammen am Virmëtte séier op 20 bis 23 Grad. Um Mëtten an am Nomëtten sinn héchstens e puer kleng dekorativ Wollécken ze gesinn, soss behällt d’Sonn d’Iwwerhand awer. D’Werter ereeche 25 bis 30 Grad.

De ganze Recht geet de Mëttwoch rem an d’Schoul an et ass just mat minimalen Ännerungen ze rechnen. Um Moien ass et liicht wolléckeg bei 11 bis 18 Grad. Am Virmëtte klammen d’Werter op 20 bis 24 Grad, um Mëtte sinn et 24 bis 29 Grad. Et ass mat engem Mix aus Sonn a Wollécken ze rechnen, woubäi et awer drëche bleiwe sollt. De Wand ass liicht spierbar aus Südwesten ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht op den Donnëschde besteht e minimale Risk vu Schaueren, soudass et wuel éichter iwwerall drëche bleiwe sollt.