Éischte confirméierten Tornado vum Joer 2020 an Däitschland

De 4. Januar 2020 ass eng Kalfront iwwert de Norde vun Däitschland ewechgezunn, déi den éischten Tornado vum neie Joer produzéiert huet.

Kuerzzäitege Buedemkontakt

De 4. Januar 2020 huet sech zu Rostock-Reutershagen den éischten Tornado vum Joer 2020 an Däitschland forméiert. Geschitt ass dat ganzt un enger Kalfront, déi vum Virmëtte bis an de Mëtten eran iwwert de Nordoste vun Däitschland gezunn ass – mat Ënnerstëtzung vun eenzelnen Donnerwieder.

Wéi Medieberichter melle, goufen eenzel Diecher vu Gebaier gerappt, Autoe beschiedegt an aner Objeten duerch d’Loft gewirbelt. En Aenzeie mellt, en hätt d’Triichterwollek vum Tornado gesinn an iwwerdeems e staarken Ënnerdrock a sénger Wunnéng gespuert. Am selwechte Moment gouf virun der Dier den Daach vun engem Bürosgebai ugehuewen an deelweis fortgeblosen. E puer Stécker dovu sinn op en Auto gefall, deen um Parking vun der Entreprise stung.

D’Kollege vu “WTINFO Tornado Research Project” confirméieren um Méinden, dass et sech ëmt en Tornado mat enger Stäerkt vun F1 op der Fujitaskala gehandelt huet. Dëst entsprëcht Wandvitesse vun 118 bis 180 km/h. Et konnt nogewise ginn, dass de Wirbel vun der Triichterwollek eng Distanz vu mindestens 2 Kilometer zréckgeluecht huet. De Fall ass nach net ganz ofgeschloss, confirméiere konnt een en awer ëmmerhin.

Nëtzlech Links

  • Lëscht vun den Tornadoen an Däitschland
  • Facebooksäit vu WTINFO
  • Artikel vu NonstopNews