Elo och Portugal & Spuenien: Risk vun Iwwerschwemmungen duerch lok. 200 l/m² Reen

Net nëmmen de Mëttelmierraum mat Italien & dem Balkan läit ënnert dem Risk vu schroe Wiederen duerch Iwwerschwemmungen, mee an Tëschenzäit och Portugal a Spuenien.

Vb- Wiederlag setzt sech fest

Gëschter hu mir eis op eent vun de méiglechen Vb-Déifdrockgebitter fixéiert, wat vum Weekend un bis an déi nächst Woch eran zimmlech interessant a Saache Schnéi fir déi ëstlech Deeler vun Europa gëtt, mee awer och a Punkto zolitte Reen iwwert dem Mëttelmier.

An Tëschenzäit rechnen d’Modeller e bësse méi eenheetlech, dass dat Déif just eent vun enger Partie kéint sinn, wat dëse Wee aschléit. Schonn fir de Samsde soll vum Atlantik hier e weidert Déif Portugal a Spuenien erreechen, wat do ënne fir grouss Nidderschlagsquantitéite suerge kann. E weidert Déif mat änlecher Zuchbunn wier fir a Richtung Mëtt nächster Woch ze erwaarden – et sinn also de Moment immens turbulent Stonnen iwwer ganz Südeuropa déi do ugekënnegt ginn.

D’Reequantitéiten a Portugal & Spuenien

Aus dem aktuelle Stand eraus rechent den amerikanesche Wiedermodell GFS bis de Mëttwoch inclus mat Quantitéite vun tëscht 100 an 150 l/m² an de Spëtzten. Dat meescht dovu soll tëscht dem Méinden an dem Mëttwoch erofkommen.


D’Modellrechnunge vum amerikanesche GFS bis de Mëttwoch inclus | Grafik: wxcharts.com

Däitlech méi grouss Quantitéite weist den europäesche Modell: Besonnesch a Richtung Braga, Porto a Coimbra ginn punktuell méi wéi 200 l/m² Reen gerechent, och op der spuenescher Säit, westlech vu Madrid a südlech vu Salamanca, kënne lokal bis zu 200 l/m² Reen vum Himmel kommen. Den däitsche Modell ICON rechent an déi selwecht Richtung, gesäit de Moment awer just bis den Dënschdemoie fréi 6 Auer. Bis dohin simuléiert e Quantitéite vun tëscht 80 an 120 l/m² – ëmmer nach vill, mee bei wäitem méi zréckhalend wéi déi aner Modeller.


D’Modellrechnunge vum europäeschen ECMWF bis de Mëttwoch inclus | Grafik: wxcharts.com