Elo schon Hierschtwieder oder kann et nach emol waarm ginn?

De meteorologeschen Hierscht ass elo dräi Deeg am Gaang an d’Temperature si wierklech zréckgaangen. Kréie mir elo wierklech schon Hierschtwieder oder besti nach Chancen op waarmt oder summerlecht Wieder?

Nidderschlagswahrscheinlechkeet geet liicht an d’Luucht

Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no wäerten an de nächste 15 Deeg ëmmer rem Héich- an Déifdrockgebitter duerchrauschen – et gëtt also méi variabel. Besonnesch wat de Reen ugeet, sinn dat gutt Norichten. Un der Wiederstatioun vu Météo Boulaide huet et beispillsweis schon zanter 15 Deeg a bal 14 Stonne net méi gereent – a sou geet et ville Regiounen hei am Land. All Drëps, déi demnächst also potenziell méiglech ass, gëtt gebraucht. Bis Enn der Woch ass mat Momenter ze rechne, wou et am ganze Land mol zu e puer Schauere komme kann. Déi tatsächlech Verdeelung vum Nidderschlag wäert awer rem mat gréisseren Differenzen iwwer d’Bühn goen, et wäert also net iwwerall d’selwecht vill Reen erofkommen, soudass verschidde Géigende wahrscheinlech rem bësse “vernoléissegt” kéinte ginn. D’Reewahrscheinlechkeet u sech ass Enn der Woch viraussiichtlech am héchsten.

Akkumuléiert Reequantitéite bis Enn der Woch

Meeschtens nach ëm 20 Grad am Dag

Wat d’Temperaturen ugeet bleift et haut an och muer nach zimmlech mëll bis souguer deels summerlech waarm. D’Wäerter klammen op 20 bis 26 Grad. Et ass awer näischt, wat bleift. Schon an der Nuecht op den Donneschden zitt déi nächst Kalfront duerch, déi eis kill Loftmassen aus dem Nordweste brénge wäert. Dëst ass de Grond, firwat d’Temperature bis Enn der Woch meeschtens just nach ënner 20 Grad am Dag leie wäerten. Eenzeg am Raum Miersch, Ettelbréck, laanscht d’Musel an eventuell och am Südweste vum Land kënnen ausnahmsweis nachemol ganz knapp iwwer 20 Grad virkommen.

Wat dës Woch also betrëfft, kéint ee scho mengen, et wier en Hauch Hierscht an der Loft. An ech kann Iech soen: Lues a lues gëtt et och wierklech en Ëmschwong, ebe wéinst der Joreszäit. Dëse kënnt awer net vun haut op muer, mee schläicht sech lues a lues un.

Zäitweis nach ganz kuerz méi waarm Phasen net onméiglech

Den amerikaneschen an och den europäesche Modell rechne nämlech tëschenduerch mat der Méiglechkeet, dass kuerzzäiteg ëmmer rem mol där méi mëll Phasen optriede kéinten. Och summerlech Momenter (zwar am niddrëge 25 Grad-Beräich) sinn ëmmer nach net onméiglech. Virun allem Mëtt September kéinten e puer där Geleeënheete kommen. Mee wat mir méi wäit a Richtung Oktober/Mëtt Oktober virukommen, wat d’Probabilitéit vun de ganz kuerze méi waarme Phase logescherweis ofhuele wäert. Dovun ofgesinn sinn esou Wäerter, wann d’Lag et dann iwwerhaapt zoulosse géif, haaptsächlech an der Südhalschend méiglech. Am Norde gëtt et schon direkt e gutt Stéck méi schwiereg.

Fir d’Fro also ze beäntferten: D’Temperature fale no a no op den hierschtleche Niveau, wat awer net heecht, dass et nach dëse Mount nach zu eenzelne méi waarme Phase komme kann. Et gëtt also nach net direkt sou wierklech kill bei eis… woubäi ech Iech awer scho sou lues recommandéiere kann, op mannst an de spéideren Owesstonnen, fréie Moiesstonnen an och an de Nuechten awer un eng Jackett oder den décke Pullover ze denken.