Elo wëll de Wanter nët méi sou séier fort

Scho vum Dezember un hu vill Leit op eng méi laang a bestännëg wanterlëch Phase gewaart. Elo kéint ët esouwäit sinn.

Deels extreme Frascht an de Nuechten

Nodeems sëch de Wanter den Dënschden rëm sou richtëg zu Lëtzebuerg bemierkbar gemeet a vir erhieflëch Problemer am Verkéier gesuergt huet, soll ët um Mëttwoch souwéi och um Donnëschde rëm méi rouëg viru goen. Soubaal sëch de méiglege Niwwel opgeléist huet, kann ët zu frëndlëche sonnëge Momenter kommen. D’Temperature wärten dobäi zwësche -1 an 4 Grad am Daag leien. An de Nuechte geet ët awer nach e gutt Stéck weider eroof: an eenzelnen Däller, virun allem am Norden, kënnen um fréien Donnëschdemoie souguer bis zu -12 Grad gemooss ginn. Och am Süde kënne se lokal op -8 Grad dorëmmer zréckgoen. Um Freidemoie sinn ähnlëch Werter ze erwaarden, mee just nët méi grad esou kill. Während de Virmëttesstonne gëtt ët a béide Fäll séier méi mëll.

Schnéirisk klëmmt um Weekend

Vum Freidenowend un zéie rëm nei Wollécken aus westlëche Richtungen an eist Land eran, déi rëm Schnéischauere brénge kënnen. De Samsden an och de Sonndën kann ët soumadden ëmmer rëm zu ë bësse Schnéi kommen. D’Temperature leien de Freidemëtten zwësche -1 an 2 Grad, iwwerdeems se de Samsden an de Sonndën op 0 bis 4 Grad klamme wärten.

Bléck op den Ensemble

Op engem Ensemble kann een ofliesen, wéi sëch d’Wieder an der nächster Zäit entwéckle kéint. Ofgebild si Linnen, déi allkéiers e sougenannte Member duerstellen. Wann dës Linne no beienee sinn, heecht daat, dass d’Meenunge nët wäit ausernee ginn an d’Laag soumadde méi sëcher ass. An dësem Fall gesi mir awer, dass dës Linnen ab dem Weekend méi wäit ausernee ginn. Trotz allem ass awer ze erkennen, dass an der Moyenne Temperature vun ënnert dem Gefréierpunkt berechent ginn. Och an der neier Woch kann ët also kaal bleiwen, daat bei enger Wahrscheinlëchkeet vu Schnéischauere.

Grafik: meteociel.fr