Ëmmer méi oft Buedemfrascht?

Déi éicht Nuechten mat Buedemfrascht si passéiert a spéitstens lo ass ët och un der Zäit, empfindlëch Planzen ze schützen oder u Wanterpneuen ze denken.

Hin an hier

A läschter Zäit koum ët zu engem laang unhaalenden rop an eroof mat eisen Temperaturen. Mëttlerweil faalen se awer schon sou déif, dass ët an de Nuechten op ëmmer méi Plaatzen an och ëmmer méi oft zu Buedemfrascht kënnt.

An de kommende Nuechten kann een daat awer rëm ë bëssen an den Hannerkapp récken, well ët elo mol rëm vir eng Zäitchen méi waarem oder besser gesoot méi mëll gëtt. Bis de Weekend sollt ët kaum bis guer net reenen, dobäi kann sëch trotz enger Partie Wollécken oder Niwwel d’Sonn weise kommen.


Un dësem Ensemble ass de weidere Verlaaf ze erkennen. Waat d’Linnen méi no uneneen sinn, waat de Verlaaf méi sëcher ass. Wann se méi wäit auserneen sinn, ass daat een Zeechen dovir, dass d’Berechnungen net sëcher sinn. Grafik: meteociel.fr

An der neier Woch, also vum 6. November un, ass rëm mat engem Réckgang vun eisen Temperaturen ze rechnen. Den aktuelle Berechnungen no wier dann an de Nuechten rëm mat Buedemfrascht ze rechnen. Daagsiwwer kéinten dann nach Temperaturen vun ëm déi 10 Grad ereecht ginn, lokal och drënner. Wann een sëch de weidere Verlaaf sou ukuckt, kann een dovunner ausgoen, dass sëch d’Temperaturen de ganze November op dësem Niveau haale kéinten, wann sëch dann lo näischt méi un de Berechnungen ännert.