En éichte Bléck op Silvester 2018/2019

Chrëschtdag hu mir elo hannert eis, de nächste méi wichtëgen Termin ass Silvester. An dësem Artikel geheie mir zesummen en éichte Bléck op de Verlaaf vum Wieder.

Et gëtt rem liicht méi mëll

Mir hunn et de Moment mat rouëgem Wanterwieder ze dinn. D’Temperature faalen an de Nuechten däitlech ënnert de Gefréierpunkt zréck, am Dag klamme se just knapp driwwer. Sonn a Wollécke wiessle sech of, just wann de Niwwel ze zéi ass – da bleift et och meechtens gro. Dëse Verlaaf wärt nach bis de Samsden unhaalen, ier da rem e puer eenzel Schauere méigleg sinn. Bis Enn 2018 wärt awer näischt nennenswertes u Nidderschléi méi eroofkommen.

Aus aktueller Siicht gesinn, also dem 25/26. Dezember 2018, wärt sech den Héichdrockafloss ëm Silvester verstärken. Et gesäit also sou aus, wéi wann eis och weiderhi rouëgt Wieder erwaarde géif – daat mat liichte Minustemperaturen an der Nuecht a Plusgraden am Dag. An der Nuecht op den 1. Januar besteht eng gewësse Wahrscheinlechkeet vu méi déckem Niwwel, wéi mir et och schon aus de leschte Joere gewinnt sinn. Nidderschléi a Form vu Reen oder Schnéi sollten de momentane Simulatioune no an där Nuecht net optrieden.

An der Zäit drop gëtt et méi spannend: D’Temperature sollen de Modeller no e Stéck zréckgoen, eventuell gëtt do un engem Wanterabroch geschafft. Et ass awer nach vill ze fréi, dëst ze confirméieren oder eppes méi geneeës ze soen. Ech wärt Iech awer stännëg zu dëser Thematik um Laafenden haalen.