No immens reenräiche Wochen a Méint kucke mir alt schonn mol op déi nei Woch – wéi naass soll et dem momentane Stand no ginn?
Advertisement
Eng éischt Aschätzung
An d’Betounung läit och op “Aschätzung”, well sech d’Wiedermodeller a leschter Zäit net grad esou eenz ënnerteneen sinn wéi dat soss de Fall ass. Zumools an der neier Wiederwoch ass et net ganz kloer, ob sech déi meescht Zäit iwwer eng Südweststréimung, ausgeléist duerch déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik kann halen – oder ob mir ënnert den Afloss vu kille Loftmassen aus dem Osten geroden, déi awer méi héije Loftdrock wieren.
Elo, wou mir dat wëssen, ass et also wichteg net nëmmen ee Modell mat anzebezéien, mee op d’mannst 2. Dem amerikanesche Wiedermodell no sollen vun elo un bis de Sonnden inclus tëscht 5 an 10 l/m² erofkommen – laanscht de Westen vum Land soll et erëm tendenziell am naasste ginn.
Den europäesche Wiedermodell gesäit et e bësse méi naass kommen, mee d’Tendenz a Richtung Westen schéngt ze bleiwen – an dësem Fall esouguer méi Südwesten. Do solle nämlech tëscht 10 an 30 l/m² erofkommen, iwwerdeems déi aner Géigenden am Land bei tëscht 2 a 5 l/m² leie sollen.
Den däitsche Modell rechent am Norden de meeschte Reen, dat mat 5 bis knapp 10 l/m². A Richtung Süden ginn tëscht 2 a 5 l/m² erwaart.
Wat huet dat elo ze bedeiten?
Wa mir den Duerchschnëtt huelen, da komme mir bei tëscht 3 a 17 l/m² eraus. Et sollt also net d’Welt sinn, wat an der neier Wiederwoch soll vun uewen erofkommen. Een vun de naassten Deeg soll en Dënschde ginn, dohannert fläit och de kommende Weekend. Mee dat si nach Eenzelheeten, déi net feststinn.