Eng éischt Kéier 20°C an dësem Joer: Genéisst de Weekend!

Gëschter um Donneschden hate mir den éischten Dag vum Joer mat méi wéi 20°C zu Lëtzebuerg. Et geet elo mol nach kuerz mëll virun, mee dann erwaart eis awer en Ëmschwong.

Advertisement

Nach e weidere Virstouss vu waarme Loftmassen e Sonnden

De Weekend iwwer besteet eis Grousswiederlag aus engem Déif, dat nordwestlech vu Portugal a Spuenien esouwéi knapp west-südwestlech vun der Bretagne läit. Zur selwechter Zäit hu mir en Héich, wat sech iwwert déi ëstlech Deeler vum Kontinent erstreckt. Doduerch, dass Déifdrockgebitter géint d’Auer an Héichdrockgebitter mat der Auer dréinen, ginn ëmmer nach mëll Loftmassen aus Südeuropa an eis Géigenden transportéiert.


De Verlaf vun de Loftmasse bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Doduerch, dass sech de Kär vum Déif bis e Sonnde lues a lues méi no op Nordwestspuenien duerbeweegt, leie mir an engem bal perfekte Wénkel vun der Zoufuer vun de mëlle Loftmassen. Dat heescht, dass et de Weekend iwwer theoretesch nach e Stéck méi waarm ka ginn, obwuel lues awer sécher e puer Wolleken an d’Spill kommen.

Wéi sech de Weekend entwéckelt

Gëschter um Donneschde sinn un der ASTA-Statioun zu Béiwen/Attert fir déi éischt Kéier an dësem Joer méi wéi 20°C opgetrueden – den exakten Héchstwäert louch bei 20,6°C. Domat gëtt d’Muster däitlech, dass d’Temperaturen an de leschten Deeg generell dozou tendéiere, méi héich ze klamme, wéi et d’Modeller eigentlech berechnen.

Fir muer um Samschden ass domat ze rechnen, dass tëscht 15 an 18°C erreecht ginn – punktuell kann et duerch lokal mikroklimatesch Elementer och erëm fir 20°C oder knapp driwwer duergoen. E Sonnde klammen eis Héchstwäerter am Allgemengen op tëscht 16 a 19 Grad – mee opgrond vun de momentane Modellverhältnisser wëll ech et net ganz ausschléissen, dass iergendwou 20 oder och 21°C kënnen erreecht ginn.

Wat de Wiederzoustand betrëfft, wäerte mir et muer um Samschden mat e puer harmlose Schleierwolleken ze di kréien, iwwerdeems sech ëmmer nach d’Sonn weist – et bleift also frëndlech. Am Laf vum Sonnden huelen dës Wolleken zou, mee d’Sonn verschwënnt ëmmer nach net. Et ass haaptsächlech d’Nuecht op e Méinden, an där och ëmmer méi kompakt Wolleken hire Wee op Lëtzebuerg fannen. Stand elo ginn e puer eenzel Nidderschléi fir e Méinde selwer an och en Dënschde net ausgeschloss.

Vun en Dënschden un änneren och eis Temperaturen, en Update dozou kënnt awer a Form vun engem separaten Artikel.