Enn der Woch Schnéiflacke net auszeschléissen

Nodeems ech de leschten Donnëschden op de méiglegen Abroch vu kaale Loftmassen ze schwätze koum, ass hei elo en Update dozou.

Et geet lues a lues biergoof

D’lescht Woch haat ech betount, dass wuel eng Wahrscheinlechkeet vun engem Kaalloftabroch besteht, mee een sech nach net all ze vill Gedanken drëm maache sollt, zumools waat déi doraus resultéierend Schnéiwahrscheinlechkeet ugeet. Elo, 5 Deeg duerno, hu sech awer verschidde Saache konkretiséiert.

An Zäit vun de nächsten Deeg wärten d’Temperature lues a lues zréckgoen, dobäi si sonnëg Momenter och net méi sou wahrscheinlech wéi et nach d’lescht Woch de Fall war. Nidderschléi sinn a Form vu Niwwel an héchstens als Fisemreen oder liichte Reen mol zäitweis méigleg, nennenswert Quantitéite sinn ëmmer nach net dobäi. Enn der Woch, also um Weekend, ass mam eigentleche Wiederchangement ze rechnen. Den Héichdrockafloss hëllt däitlech of an et maache sech méi déck Wollécke breet, wouduerch et zu méi Nidderschléi komme kann. D’Temperature packen et um Freide nach op 13 Grad, iwwert de Weekend gi plaatzeweis keng 10 Grad méi ereecht.

Ensemble (c) meteociel.fr

Flacke just ganz lokal

Wéi et de Moment ausgesäit (Stand 23.10.2018 – 00:00 Auer) wärte mir also an Zäit vu wéinegen Deeg vum spéitsummerlëche Niveau op en hierschtlëchen a méiglegerweis och fréiwanterlëche faalen. Wisou fréiwanterlëch? Den amerikanësche Wiedermodell GFS rechent vir de Weekend, haaptsächlech um Samsdenowend/Nuecht op de Sonndën, am Norde vum Land op de Koppe mat enger Schnéiprobabilitéit vu bis zu 60%. Et handelt sech heibäi zwar net ëmt e Wanterabroch, mee eng Period, wou kuerzzäitëg déi éicht Flacke vun der Saison méigleg sinn. Ob et vir eng dënn Schnéicouche duergeet, kann een de Moment nach net soen. Waat een awer nach dobäifüge kann ass, dass den allergréissten Deel vum Land am Fall vu Nidderschléi nëmme Reen ofkréie wärt. Do wou et méi kaal ass, wier och nach Schnéireen net auszeschléissen. D’Dagestemperature wärten de Samsde viraussiichtlech bei 5 bis 8 Grad leien, um Sonndë nach bei 2 bis 6 Grad.

Obwuel elo scho méi konkret Informatioune bekannt sinn, kënne sech ëmmer nach e puer Saachen änneren. Bis de Weekend ass et nach eng Zäitchen, Météo Boulaide wärt Iech dohier stännëg zu dësem Thema um Laafenden haalen.