Esou geet et virun: Onbestänneg mat vill Wand a Reen

Gëschter um Méinden ass de Stuerm BENNET iwwert eis ewechgezunn. Dëst ass awer näischt aussergewéinleches: och an de nächsten Deeg bleift et oft gro, naass a lëfteg. Zäitweis si souguer rem stiermesch Entwécklungen ze erwaarden.

Lëfteg bis zäitweis stiermesch

An de nächsten Deeg bleiwe mir ënner Déifdrockafloss – ëmmer rem zitt mol eng Front duerch, déi eis virun allem e Paak Reen a Wand brénge kënnen.

Um Dënschden ass et déi meecht Zäit bedeckt, d’Temperature packen et op 5 bis 8 Grad. Et kann ëmmer rem zu Schauere kommen, déi zäitweis och méi kräfteg ausfaale kënnen. De Wand ass aktiv a bléist spierbar aus West-Südweste mat Spëtzte vu bis zu 60 km/h. Domadden ass et bei wäitem net méi sou stiermesch wéi um Méinde nach. Well verschidde Beem um Méinden awer gelackert goufe, besteht och um Dënschde nach de Risk vun eenzelne Beem, déi onstabil sinn a nach faale kënnen. Um Mëttwoch ass et an de Moiesstonnen am frëndlechsten, ier ab dem Mëtte rem de ganzen Himmel gro ass an et reene wärt. 8 bis 14 Grad sinn dran, dat bei Wandspëtzte vu 55 km/h.

Méi stiermesch kann et de momentane Modellrechnunge no rem um Donnëschde ginn. Et gëtt simuléiert, dass um spéiden Donnëschdenomëtten an Owend e Stuermdéif mat séngem Kär iwwer d’Nordséi ewechzitt a Lëtzebuerg soumadde kuerzfristeg an e Stuermfeld geréit. Dëst sollt awer net sou staark ausfaale, wéi dat vum Méinden. Wéi et ausgesäit, wieren awer rem Vitesse bis 75 km/h méigleg.

Wandspëtzte bis den Donnëschdenowend (ICON) – wxcharts.com

Weekend och oft ongemittlech

Och um Weekend si nach vill Wollécken ënnerwee, zumols um Samsden an um Sonndë schéngt d’Wahrscheinlechkeet vu Schaueren am gréissten ze sinn. D’Temperature leien dagsiwwer tësche 9 an 13 Grad, an de Nuechte kann et an den Däller mol op 3 bis 1 Grad zréckgoen. Dat ass och de Grond, wisou et lokal begrenzt zu Schnéireen oder eenzelne Flacke komme kéint. Eng bestänneg Schnéicouche soll awer net zustaane kommen.