Et ass nach net eriwwer: Lokal klenge Comeback vum Schnéi ze erwaarden

Besonnesch um Donneschde besteet erëm d’Warscheinlechkeet vun e puer Schnéischaueren. Schonn haut um Mëttwoch sinn eenzel Flacke net auszeschléissen.

Grousswiederlag mécht et méiglech

De Moment läit Lëtzebuerg tëscht engem groussen Héich iwwert dem Atlantik an engem Déif iwwert dem Oste vum Kontinent. Duerch dës Konstellatioun gi polar Loftmassen aus dem héije Nordosten ugezaapt, duerch déi et an éischter Linn nach ee Stéckche méi kill bei eis gëtt. Wéi klëmmt dann elo, trotz den dréchene Loftmassen, d’Warscheinlechkeet vu Schnéi? D’Loftmasse bleiwe net dréchen – de Grond dofir ass ee klengt Déif, wat sech um Donneschde vun der Ostséi hier a Richtung Mëtt vun Däitschland beweegt. Duerch d’Dréibeweegung vun dësem klengen Déif gi net nëmmen zousätzlech méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiert, mee och d’Fiichtegkeet vun der Ost- a Nordséi ginn an eis Géigende gedroen. Dës Kombinatioun léisst et zou, dass et lokal erëm schneie kann.


De Wiederzoustand bis den Donneschden inclus | Animatioun: ECMWF vu wxcharts.com

Zäitpunkt an Oflaf

Schonn haut um Mëttwoch, 17. Mäerz 2021, kënnt et duerch den Dag verdeelt ëmmer erëm zu eenzelne Nidderschléi. Op den héchste Koppen am Norden, sou vun ongeféier 480 Meter un, kann et am Fall vun enger Schauer net ausgeschloss ginn, dass mol eng Flack drënner ass. Eppes wierklech nennenswäertes sollt dobäi awer net geschéien. Fir den Donneschden, eben deen Dag, wou dat mam klengen Déifdrockgebitt zustane kënnt, gëtt et méi interessant. Vum Mëtten u gëtt et ëmmer méi wollekeg, d’Temperaturen zéie sech op tëscht 1 a 4 Grad zréck. Op de Koppen, déi op iwwer 450 Meter leie, kënnt et vum spéidere Nomëtten/vum Owend un zu Schnéiflacken an deels och richtege Schnéischaueren (wat méi héich, wat méi warscheinlech). Alles wat ënnert der genannter Héicht läit, huet méi Schnéireen oder Reen ze erwaarden. Deemno wéi laang d’Nidderschléi an d’Nuecht op de Freiden unhalen, kann et duerch d’Temperaturen, déi dann op tëscht -1 an 2 Grad falen, och op Plaze schneien, déi e bëssen eppes ënner 400 Meter leien. Glat ginn kann et, ofgesi vum Schnéifall, awer am ganze Land.

Déi berechent Schnéihéichten

Wat soen d’Modeller iwwerhaapt zu de méigleche Schnéihéichten? Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent quasi näischt, héchstens mol e ganz dënne Flom laanscht den äusserste Norden/Nordosten – dat fir de Mëttwoch an den Donneschden zesummen. Den ECMWF ass e bësse méi optimistesch ënnerwee a rechent akkumuléiert gesinn mat enger Schnéicouche vun tëscht 2 a bal 4 cm am äusserste Norde vu Lëtzebuerg – op Héichten, déi op iwwer 480/500 Meter leien. Och laanscht de Südoste (Muselgéigend) gëtt en dënne Flom berechent. Den däitschen ICON an och de franséischen ARPEGE rechnen iwwerhaapt näischt, Stand 17.03.2021 – 06:20 Auer.