Et bleift naass: Gréisser Reequantitéiten ze erwaarden

Duerch iwwerduerchschnëttlech héich Temperature wäert de Schnéi an de nächsten Deeg keen Thema méi sinn.

Nom Schnéi kënnt de ville Reen

Mir leie weiderhin ënnert enger Westwiederlag, wat onbestännegt Wieder fir eis bedeit. Dëst mierkt een och gutt, wann ee sech d’Berechnunge vun de Nidderschlagsquantitéite fir déi nächst Zäit esou ukuckt.

Den amerikanesche GFS ass mat tëscht 24 a 35 l/m² dobäi, am naasste soll et am äusserste Westen a Südweste ginn. Den europäeschen ECMWF rechent mat 24 bis 35 l/m² an huet dat meescht an der gesamter äusserster Westhallschent vum Land dran. Desweideren soll et och am Südwesten zimmlech naass ginn.


D’Reequantitéite bis de Freiden inclus dem däitschen ICON no | Grafik: wxcharts.com

Den däitschen ICON ass mat tëscht 17 a 25 l/m² dobäi, am äusserste Norde soll et am meeschte reenen. De franséischen ARPEGE ass erëm mat e bësse méi, mat tëscht 20 a 32 l/m² dobäi a rechent am Westen wéi och am Südoste mam meeschte Nidderschlag.

Op déi ausgesicht Modeller bezunn kënnt ee bei enger Moyenne vun tëscht 21,25 bis 31,75 l/m² eraus, déi bis de Freiden inclus vum Himmel fale sollen.