Et bleift waarem bis hëtzeg – Wiederrisk klëmmt rem

Nodeems de Mee de wärmste 5te Mount zanter Opzeechnungsufank war, geet et och elo ufanks Juni mat iwwerduerchschnëttlech héigen Temperature weider. Am Laaf vun der Woch klëmmt awer och scho rem de Risk vun Donnerwiederen.

D’Temperature sinn iwwert de Weekend e Stéckchen zréckgaangen, befanne sech awer ëmmer nach am summerleche Beräich. An de nächsten Deeg ass rem mat enger Erwiermung ze rechnen, soudass et lokal souguer vir héichsummerlech Temperaturen duergoe kéint (bis 30 Grad). Virun allem géint Mëtt der Woch sinn déi héchst Temperaturen ze erwaarden, ier den aktuelle Modellrechnunge no d’Temperaturen rem e bëssen zréckginn. Egal wéi se faalen, waarem wärt et wuel bleiwen. Hei den aktuellen GEFS Ensemble:

Waat d’Linne méi no beienee sinn, waat d’Wiederlag méi sëcher ass. Bis den 10. Juni besteht also eng gewëss Sëcherheet, inkl. der Wahrscheinlechkeet vu Schaueren an Donnerwiederen, virun allem ab dem 6 Juni. Grafik: meteociel.fr

Gutt Stéck iwwert dem Duerchschnëtt

Déi éicht Halschend vum Juni wärt héchstwahrscheinlech ze waarem ausfaalen, och wann d’Anomalie nom 10. Juni séier ofhuele sollt. Bis dohinner kënnen d’Temperaturen awer 4 bis 7 Grad iwwert dem Mëttel leien.

Grafik: wxcharts.eu

Vir daat nachengkéier ze verdäitlechen gesidd Dir hei den Ensemble vun den Temperaturen aus 850 hPa (annerhalwe Kilometer Héicht) mam Duerchschnëtt, deen unhand vun enger bronger Linn markéiert ass.

Grafik: meteociel.fr

Donnerwiederrisk klëmmt rem

Et geet also ähnlech viru wéi an de leschte Wochen: Et wärt meechtens waarem bis richteg waarem sinn, dobäi ass et och oft schmeier. Dës Konditioune si gutt Viraussetzunge vir Donnerwiederen, déi sech an dësem Fall, wéi an Zäit vun de leschten zwou Wochen, iwwer Deeler vu Mëtteleuropa entwéckle kënnen an och wärten. Iwwer d’Intensitéit kann een de Moment awer nach näischt soen.

Den Donnerwiederrisk klëmmt vum Méinden un liicht un a wärt a Richtung zweet Wochenhalschend kontinuéierlech uklammen. Dozou hei nachengkéier en Ausschnëtt vum aktuellen Ensemble mat de méiglege Nidderschlagsquantitéiten. Dës kleng Peaks sinn Unzeechen vir lokal enk begrenzt, mee scho nennenswert Donnerwiederen. Nachengkéier den Hinweis: Waat d’Linne méi no beienee sinn, waat d’Lag als méi secher anzestufen ass. Et ass nach laang bis Mëtt der Woch, dohier kënne sech um Wee dohinner nach divers Saachen änneren. Ech bleiwe vir Iech um Ball!

Grafik: meteociel.fr