Ët geet ongemittlëch virun – och mat Schnéi

Wéi am Bericht vu leschter Woch ugedeit, ass vir déi nächst Zäit wierklëch ë bësse Schnéi ze gesinn. Déi leschte Kéier sinn d’Temperaturberechnunge wäit ausernee gaangen, an daat ass och elo ëmmer nach sou. Déi kill Loftmassen liwwere sëch quasi e Kampf mat de méi mëlle Loftmassen.

Auswierkunge

Haut um Dënschden kann sëch mat Chance, wann de Niwwel also nët sou zéi ausfällt, d’Sonn nachengkéier ë bësse weise komme. Dobäi sinn Temperature vu 5 bis 8 Grad ze erwaarden. Vum Mëttwoch un gëtt ët awer scho rëm méi gro. Aus westlëche Richtunge zéie Wollécken eran, déi zolitte Reen brénge kënnen.

Ab dem Donnëschden ginn d’Temperaturen zréck, mee variéiere staark. Mol hu mir Temperature rondrëmt de Gefréierpunkt, mol leien se awer däitlech driwwer. Während der Period vum Donnëschde bis de Sonndën ginn ëmmer rëm Nidderschléi berechent, déi also doduerch hier Form stännëg änneren. Ët wärt Zäite ginn, wou ët virun allem am Norden schneie wärt. Och am Süden ass daat méigleg, dobäi kann sëch dann och eng Schnéicouche forméieren. Well awer d’Temperature sou staark schwanken, ass nët mat enger bestännëger Couche ze rechnen. Ët ass éichter mat enger Matsch-Mëschung ze rechnen, virun allem am Süden.

An de Nuechten wärten d’Temperaturen am aller wahrscheinlëchsten rondrëm 0 oder drënner leien. Duerch naass Stroossen, déi séier fréiere kënnen, kann ët also zumindest lokal begrenzt glaat bis spigelglaat ginn.

Verlaaf vun de Loftmassen an 1,5 Kilometer Héicht bis de nächsten Dënschden, 06. Februar 2018
Grafik: WXCHARTS.eu