Et gëtt hierschtlech: Denkt de Weekend un Äre Prabbeli

De Weekend iwwer kënne no laanger Zäit erëm gréisser Reequantitéiten zesummekommen. Sollt sech déi eng oder aner Modell-Léisung duerchsetzen, da kéint d’Waasser och mol Schwieregkeeten hu, fir ofzelafen.

De Reen ass zréck

Den amerikanesche GFS rechent mat 28 bis 45 l/m², déi bis de Sonnden inclus erofkomme sollen. Dat meescht dovu soll laanscht de Weste wéi och am Südoste vum Land erofkommen. Am Nordoste vum Land soll et dësem Modell no am mannste reenen. Den europäeschen ECMWF gesäit am ganzen tëscht 30 a 50 l/m² op eis duerkommen, dat meescht dovun am Nordwesten, Westen a Südweste vum Land. Am “dréchenste” bleift et am Raum Iechternach.

-> Link: Firwat kann et de Weekend op eemol esouvill reenen?

Dass gréisser Quantitéiten definitiv eng Optioun sinn, weist och de franséischen ARPEGE. E rechent mat tëscht 27 a 40 l/m², tendenziell soll am Nordwesten am meeschte Reen falen. De soss sou pessimisteschen ICON ass dës Kéier Spëtzereider mat 38 bis 60 l/m² – dëst och erëm mat der Tendenz fir de meeschte Reen laanscht de Weste vu Lëtzebuerg.