Et gëtt reenereg: Bis Enn der Woch deemno wéi gutt iwwer 50 l/m² méiglech

An dëser Woch ass net nëmmen de Wand erëm e Parameter, op deen een en Ae geheie muss, mee och de Reen.

Deemno wéi gutt iwwer 50 l/m² méiglech

E Bléck an déi verschiddenst Wiederkaarte verréit, dass eis dës Woch nawell naass Zäiten ustinn. Dat meescht dovu soll de neiste Berechnunge no awer eréischt vun der zweeter Wochenhallschent un erofkommen, dat a Begleedung vun engem staarke bis stiermesche Wand.

Mat deem gesot, ass den amerikanesche Wiedermodell GFS bis den Mëttwochowend spéit grad emol mat tëscht 4 an 10 l/m² dobäi, iwwerdeems den ECMWF mat änlechen 7 bis knapp 15 l/m² ënnerwee ass. Deen Dag, un deem et awer am meeschte reene sollt, ass dem aktuelle Stand no de Freiden an deemno wéi och de Samsden. Déi aner Wäerter mat abegraff, wier de GFS mat am ganzen 35 bis 60 l/m² Reen dobäi, den europäeschen ECMWF esouguer mat bis ëm 75 l/m² oder méi.


Den ECMWF rechent mam meeschte Reen | Grafik: wxcharts.com

Aner Modeller gesinn dat Ganzt nach e bësse méi entspaant, mee zesumme mam kräftege Wand versprécht et eng richteg ongemittlech Woch ze ginn.