Et kënnt op den Timing un: Ënner Ëmstänn Flacken op de Koppe méiglech

E Wanterabroch steet eis zwar net un, mee deemno wéi knapp sech dat haut den Owend entwéckelt, kéint et op den héchste Koppen zu ganz vereenzelte Flacken tëscht de Reendrëppse kommen.

Eng knapp Saach

Nom Kalfrontpassage vun haut de Moie sinn elo polar Loftmassen amgaang, an der Héicht anzestréimen. Den Dag iwwer bleift et meeschtens gro, haaptsächlech um Nomëtten u kann et erëm zu Reeschauere kommen. Et gi Maximaltemperature vu 7 bis 11 Grad erwaart, ier d’Wäerter um Owend an an der Nuecht séier a Richtung Gefréierpunkt erofginn. An der zweeter Nuetshallschent falen d’Wäerter op e Minimum vun tëscht 3 a -2 Grad, am keelste gëtt et an den Däller am Norden. Glat Stroosse sinn ze erwaarden, Wiederhiweiser dozou sinn online.


Dem amerikaneschen Ensemblemodell GEFS no besteet eng 25%eg Warscheinlechkeet vun eenzelne Flacken | Grafik: wxcharts.com

De Reen, deen am Nomëtten op e Neits opkënnt, soll sech de Modellrechnunge no bis an den Owend eran hale kënnen, di lescht Nidderschléi solle géint 21/22h nach méiglech sinn. Duerch d’Loftmassen an der Héicht, déi weiderhi méi kill ginn an och di falend Temperaturen um Buedem kéint et sinn, dass wärend engem ganz kuerzen Zäitraum op den héchste Koppe vum Land déi eng oder aner ganz vereenzelt Flacken tëscht de leschte Reendrëppse méiglech sinn. D’Fro ass just, ob de Nidderschlag schonn déi héchst Plaze vum Land verlooss huet, wann et kal genuch ass, oder net. Wa jo, dann ass et quasi ausgeschloss. Dëst ass eigentlech net weider nennenswäert, mee et wier eng Erkläerung falls et den Owend tatsächlech op de Koppen zu Flacke kéim. Vun enger Schnéicouche si mir awer wäit fort, et ass net domat ze rechnen.