Event: Prognos vir de Revival 4.0 – Disco Moonlight

Och dëst Joer ass rem déi traditionell Revivalparty zu Grooljen, deskéier de Samsden, 25. Mee. Well een sech och deelweis dobaussen ophaale kann, soll d’Wieder beschtefalls stëmmen. Dat kucke mir eis elo un. (sponsored)

Jackett net vergiessen

Wann et de Samsdenowend um 20h lassgeet, leien d’Temperaturen am Beräich vun den 12 Grad. Am Nomëtten huet nach e Schauer- an Donnerwiederrisk bestaan, deen awer an Tëschenzäit ëmmer méi ofgeholl huet/ofhëllt. D’Wollécke ginn ëmmer manner, soudass et souguer opkläre kann. Et ass awer net auszeschléissen, dass sech méi spéit um Owend an der Ëmgéigend Niwwel forméiere kann. Am weidere Verlaf vum Owend, sou géint 22 Auer, wärte nach Temperature vun em 10 Grad gemooss ginn. Et mecht een also näischt falsch, wann een eng Jackett mathëllt. Méi spéit an der Nuecht ginn d’Werter op 7 Grad zréck, demno wéi och liicht drënner. Aus Westen gëtt et minimal méi wolléckeg, Reen ass awer keen a Siicht.

Dir hätt gären eng Prognos vir Ärt Event, déi gläichzäiteg als Reklamm déngt? Da mellt Iech ënner business@meteoboulaide.com vir méi Informatiounen.