Ex-Hurrikan “CHRIS” huet Island am Viséier

Den Hurrikan CHRIS huet sech an de leschte 24 Stonnen ofgeschwächt, soudass et elo en EX-Hurrikan bzw. en post-tropësche Wirbelstuerm ass.

Ennerwee a Richtung Island

De CHRIS huet sech, wéi am Artikel virdrunner betount, opgrond vu fehlender Energie, also ze killem Miereswaasser, ofgeschwächt. An der Moyenne ginn awer ëmmer nach Wandspëtzte vu bis zu 112 km/h ereecht, an de Spëtzte knapp 130 km/h.

De Stuerm befënnt sech de Moment (12.07.2018 22:53h) tëschent Nova Scotia an St. Pierre & Miquelon an zitt weider a Richtung Nordosten. De Stuerm trëfft soumadden an der Nuecht op de Freiden an der Ëmgéigend vu Saint Johns u Land. Duerno hält en seng nordöstlech bis ost-nordöstlech Zuchrichtung bäi, mee verléiert ëmmer weider u Kraaft.

Animatioun: WXCHARTS.eu

De CHRIS wärt sech no a no zu engem normale Stuermdéif ëmwandlen an de Weekend, resp. um fréie Sonndëmoien, südlech vun Island leien. Zumools de Süden an de Südoste vum Inselstaat huet déi stärkst Wandvitessen ze erwaarden. Dës wärte laut dem amerikanesche Wiedermodell GFS nach bei knapp 100 km/h leien, also naischt waat Island nach net gesinn huet.

Kaart: hurricanes.gov

D’Stuermdéif wärt sech duerno lues awer sëcher opléisen a keng Auswierkungen a Form vu Wand op Mëtteleuropa hunn. Während der Hurrikansaison, déi vum 1. Juni bis den 30. November ass, kënnt et ëmmer rem vir, dass en Hurrikan als aussertropëscht Stuermdéif op eise Wiederkaarten opdaucht. Sou och de CHRIS, haut de Mëtten:

Bild Copyright: Deutscher Wetterdienst