Ex-Hurrikan EPSILON: Iwwerreschter zéien an dëser Nuecht iwwert eis ewech

Den Hurrikan EPSILON ass op sengem ganze Parcours keng eenzeg Kéier u Land getraff. An Tëschenzäit ass et en aussertropesche Stuerm; de Frontesystem dovun erwaart eis an der nächster Nuecht.

Nächst Nuecht naass a lefteg duerch Iwwerreschter vum Ex-Hurrikan EPSILON

Den EPSILON läit de Moment iwwert dem nërdlechen Atlantik a beweegt sech mat séngem Kär séier a Richtung Island. E produzéiert de Moment (Stand 27.10.2020 – 02:48 Auer) Wandvitesse vun an der Moyenne 113 km/h a Spëtzte vun 137 km/h, wat ëmgerechent ëmmer nach dem Equivalent vun engem Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala entsprécht. Viru 5 Deeg huet de System säi Maximum e gutt Stéck südëstlech vun de Bermuda-Inselen areecht, dat mat Wandvitesse vun an der Moyenne 185 km/h. An de Spëtzte sinn 225 km/h gemooss ginn.


Den Ex Hurrikan EPSILON läit mat sengem Kär iwwert dem Nordatlantik. De Frontesystem dovu gräift wäit aus a beaflosst eis an der Nuecht op de Mëttwoch | Animatioun: wxcharts.com

Wéi gesot, huet de Stuerm an Tëschenzäit seng tropesch Eegeschafte verluer. De System ass amgaang Fronten auszebilden, déi elo de Mëtten iwwert di brittesch Inselen ewechzéien an och am äusserste Weste vu Frankräich ukommen. Vum spéideren Owend bis an déi zweet Hallschent vun der Nuecht op de Mëttwoch era passéiert dëse Frontesystem och Lëtzebuerg – de Grond firwat et bei eis erëm méi groussflächeg naass gëtt. Wärend dem Duerchgang ass mat engem opfrëschende Wand ze rechnen, dee sech an de Spëtzten tëscht 40 a 60 km/h ophält. Op de Koppe kéint et eventuell e bëssen driwwer goen. Eppes hurrikan- oder tropestuermméisseges ass an eise Géigenden op kee Fall ze erwaarden.