Den erwaarte Reen verstäerkt sech vu Südwesten hier weider a wäert virun allem vum Nomëtte bis an de spéideren Owend era kräfteg ausfalen. De Reen soll sech allerdéngs elo méi op déi nordwestlech Géigende konzentréieren.
Advertisement
Kär zitt wuel méi wäit nërdlech
Den Ex-Hurrikan KIRK läit de Moment nach iwwert der Biskaya a wäert am Laf vun de nächste Stonnen an eis Géigende gezu kommen. Am Verglach zu de Berechnunge vu gëschter schéngt de Stuerm vum Timing hier e bësse méi séier ënnerwee ze sinn a wäert de neitste Modellrechnunge no och eng liicht méi nërdlech Zuchrichtung aschloen. Trotzdeem bleift et dobäi, dass sech vu Frankräich aus bis an d’BeNeLux-Géigenden esouwéi och an Däitschland eran e Beräich zitt, an dem warnrelevant Reenzommen ze erwaarde sinn. Deelweis kann et an Zäit vu 24 Stonnen esou vill reene wéi soss an engem ganze Mount Oktober.
Doduerch, dass de Kär de meeschte Modeller no méi wäit nërdlech zitt, hätt dat ze bedeiten, dass e méi oder manner genee iwwer Lëtzebuerg ewechzéie kéint. Duerch dës Ännerung verlagert sech och de Reen e bëssen anescht: Den aktuelle Modellrechnunge no wier elo duerchschnëttlech gesinn haaptsächlech am Westen a Nordweste mam meeschte Reen zu Lëtzebuerg ze rechnen. Zwar reent et och soss iwwerall vill, mee et ass a wäert warscheinlech eng Differenz bemierkbar ginn.
Am Grenzgebitt op der belscher Säit kann et net ausgeschloss ginn, dass Zomme vun tëscht 70 a 95 l/m² erreecht ginn.
Duerch dës Verlagerung kënnt eis och d’Wandfeld e klengt Stéckche méi no, am spéideren Owend an och an der Nuecht kënnen haaptsächlech laanscht den äusserste Süden a Südosten Wandstéiss vun tëscht 50 a 75 km/h net ausgeschloss ginn, 80 wier d’Ausnam. Op de Koppen am Norde gëtt et och kuerzzäiteg lëfteg, mee mir sollte meeschtens ënnert de 60 km/h bleiwen.
Alles an allem handelt et sech also tatsächlech ëmt eng markant bis warnrelevant Wiederlag, an awer erwaart eis keng Katastroph wéi am Juli 2021. A Saache Peegelen an och Reenzomme si mir wäit dovu fort.