Ex-Tropestuerm EDOUARD beaflosst eis um Freiden

De Freide beaflosst en Ex-Tropestuerm eist Wieder. Dëst kann ëmmer rem virkommen an ass keng Raritéit.

EDOUARD areecht eis de Freiden

Um Mëttwochowend areecht den Ex-Tropestuerm EDOUARD déi brittesch Inselen a beweegt sech vun do aus mat séngem Zentrum iwwert de Süde vun England ewech. De momentane Wiedermodeller no soll en an der Nuecht op de Freiden iwwert der Nordséi leien a lues awer sécher en Afloss op eist Wieder hunn.

Wéi esou oft an esou Situatioune rechnen d’Wiedermodeller dës Wiederlag mat gréisseren Differenzen. Geet et dem europäesche Modell ECMWF no, da wier virdéischt un de Küste vu Nordfrankräich, der Belsch, Holland a Norddäitschland mat stiermesche Wandstéiss bis deels Stuermstéiss ze rechnen. Dobäi wiere Vitesse vun ëm 70 km/h ze erwaarden. Am weidere Verlaf vum Freiden entsteet duerch d’Reiwung vum Festland haaptsächlech iwwert dem Nordweste vun Däitschland bis erop an de Nordosten e klenge Beräich, wou Stuermstéiss bis 90 km/h méiglech wieren. Och am méi südlechen Däitschland wieren op de Koppen änlech Wäerter méiglech.

D’Wandstéiss fir de Freiden (ECMWF – wxcharts.com)

Bei eis zu Lëtzebuerg wäert de Wand och ze spiere sinn, eng geféierlech Wiederlag erwaart eis awer net – och iwwer Däitschland gëtt et keng Onwiederlag. Zu Lëtzebuerg hale sech d’Wandvitessen de Freide viraussiichtlech tëscht 40 a 65 km/h op. Um spéideren Owend an an der Nuecht op de Samsde soll sech d’Stuermfeld haaptsächlech op d’Ostséi fixéiere, wou Vitesse vu 90 km/h duerchaus méiglech sinn. Méi staark Nidderschléi, déi zesumme mat der Kalfront optriede kënne, sinn iwwert dem nërdlechen Däitschland am warscheinlechsten. Lëtzebuerg soll, Stand aktuell, net all ze vill Reen ofkréien.

Den amerikanesche Wiedermodell gesäit zu Lëtzebuerg Wandstéiss vun 30 bis ëm 50 km/h, iwwert der Nordhallschent vun Däitschland solle punktuell 70 km/h areecht ginn. Déi stäerkst Stuermstéiss ginn iwwert der Ostséi berechent, wou och dësem Modell no Vitesse vu 90 km/h gutt méiglech wieren. Dem däitsche Modell ICON no zitt den Zentrum vum Déif e gutt Stéck méi wäit südlech, wat dofir suerge géif, dass et haaptsächlech op de Koppe vum südlechen Däitschland zu Spëtzte vun ëm 90 km/h komme kann. Änlecher Meenung ass och de franséischen ARPEGE, wou awer um spéidere Freidenowend och iwwert der Nordséi méi staark Wandstéiss gerechent ginn.