Abrëllsgeck: Feeler am System: Zäit gëtt haut em 7 Sekonne korrigéiert

Wärend der Zäitëmstellung op d’Summerzäit, déi de leschte Weekend war, ass et op den internationalen Zäitserveren zu engem Feeler komm.

Zanter 2003 net méi geschitt

De Weekend ass et zu engem raren Tëschefall op den internationalen Zäitservere komm. Iwwerdeems d’Auer an der Nuecht op de Sonnde vun 2 op 3 Auer geréckelt gouf, ass et duerch en immens raren interne Feeler zu engem Verloscht vu 7 Sekonne komm. Net nëmmen online mecht sech den Tëschefall bemierkbar, mee och op allen Atom- resp. Funkaueren. Just e puer wéineg Apparater, déi schon ëmmer ëm e puer Sekonnen donierft louche, kéinten elo, soulaang de Problem net behuewen ass, tatsächlech rem “richteg” lafen.

Fir d’lescht ass dëst de 29. Februar 2003 geschitt, wou d’Computersystemer alleguer zur selwechter Zäit e Windows- Update duerchgefouert haten – dat, obwuel automatesch Updates vun den Informatiker desaktivéiert goufen. Alleng duerch eng eenzeg Maschinn konnt awer alles aus dem Ruder lafen. Am besote Joer huet den Tech-Gigant Google eng ganz Partie nei Mataarbechter a Stagiairen agestallt, vun deenen eng Persoun eng ominéis E-Mail kritt huet. An där huet et geheescht, de Lieser hätt Ronn 1 Millioun US- Dollar vun engem persesche Keeser zegutt, wouropshin eng vun de nei ugestallte Persounen an der Firma op e mat Malware infizéierte Link geklickt huet. Séier huet sech déi schiedlech Software duerch d’Firma gefriess an duerno och un d’Zäitserveren iwwerdro, déi du weider där Serveren op der ganzer Welt infizéiert hunn. Dës sinn du net méi hirer korrekter Programméierung nogaang, mee där vun der Schuedsoftware. Deemols louch d’Zäit 2,79 Sekonnen hannendran – geléist huet sech dat Ganzt banalerweis doduerch, dass all Zäitserver op der Welt einfach nei gestart ginn ass.


Foto vum deemolegen Entdecker – Paul Timefix Jr. – vun der Léisung vum 2003er Problem. Opgeholl de 6.09.1969 mat enger Sony Alpha 6000. (colorized)

Problem dës Kéier net sou einfach ze léisen

Beim aktuellen Tëschefall ass e Neistart awer net d’Léisung fir de Problem. De Grond: D’Zäitservere sinn hautzedags alleguerte “standalone”. Dat heescht, dass weder eng Tastatur nach eng Maus un de Maschinnen ugeschloss sinn. Start sech de System trotzdem nei, huet ee folgend Feelermeldung um Ecran stoen:

“Keyboard not found. Press F1 to continue, DEL to enter Setup.”

Well ebe keng Peripheriegeräter un de System ugeschloss sinn, géif dat de Problem net léise, well d’Maschinnen ouni den Uschloss un eng Tastatur net starte kënnen. Och d’Hëllef duerch de Mensch ass net méiglech: d’Zäitservere stinn a geheime Bunkeren, déi speziell fir de Fall vun engem Weltënnergang gebaut gi sinn. Well dës géint atomar Katastrophen immun si, ginn d’Funkaueren oder all aner Aueren, déi sech vum selwe stellen, och nach “Atomaueren” genannt. Dat zoustännegt Personal huet de Schlëssel am Nuetsdësch leien – mee well se de Schlëssel vum Nuetsdësch-Schaaf verluer hu, huet keen Zougrëff op d’Schlëssele vum Bunker.

Et gëtt no enger Léisung gesicht

Informatiker op der ganzer Welt beméie sech elo an dësem Moment – a Quarantän (Home Office) wuelverstan – dozou, eng Léisung fir de bisewell ganz rare Problem ze fannen. Sollt alles hirem Zäitplang no klappen, sollte mir déi genee Auerzäit vun haut 16:00 Auer 00 Sekonne net gesinn – se spréngt einfach direkt op 16:00 Auer a 07 Sekonnen.

Duerch dësen Effekt ass et Iech méiglech, ganz 7 Sekonne méi laang ze schlofen. Et wäert ënnert anerem och 7 Sekonne méi spéit hell ginn. Sollt een et packe, genee zu deem Zäitpunkt geblëtzt ze ginn, un deem normalerweis 16 Auer wier, kann dejeenege vu Gléck schwätzen: duerch déi abrupt Ëmstellung op 16:00:07 gëtt d’Foto net bearbecht an d’Servere vun der Police ginn och net kontaktéiert.

Bei Leit, déi stänneg ënner zäitlechem Stress stinn oder soss empfindlech op zäitlechen Drock reagéieren, kann dat Ganzt en änlechen Effekt wéi en Jetlag hunn.

Halt Är Aueren also haut fir 16 Auer am Aen – wee wees wéini esou eng zäitlech Korrektur an Zukunft rem néideg resp. live unzekucken ass.