Fir e Méinden: Op e Neits kënne plazeweis warnrelevant Wandvitessen optrieden

E Méinden deet sech zimmlech vill an der Wiederkichen, virun allem bei eisen direkte Noperen a Frankräich & an Däitschland. Ier awer dozou en Artikel kënnt, beschäftege mir eis mat de Stuermstéiss, déi muer erëm bei eis optriede kënnen.

Advertisement

D’Situatioun

Muer um Méinde beweegt sech e gréisseren Déifdrockkomplex vum Atlantik/de britteschen Inselen a Richtung Skandinavien. Aus Weste gëtt fiicht a kill Loft eragedréckt, iwwerdeems héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum an engem gewësse Grad dozou bäidréit, dass méi waarm Loftmassen a Frankräich eropgeschëppt ginn. Duerch déi gréisser Ënnerscheeder an der Atmosphär kënnt et an eise Géigenden erëm zu kräftege Wandstéiss, déi och mol als warnrelevant Stuermstéiss optriede kënnen – änlech wéi e Freiden.

Virun allem vum fréie Nomëtte bis an de spéidere Nomëtten era rechent den europäesche Wiedermodell mat stiermesche Wandstéiss vu ronderëm 70 km/h an eisem Land. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bei eis mat knapp 80 km/h, iwwert der Grenz soll dëse Wäert iwwertraff ginn. Och den däitschen ICON-Modell gëtt am Nomëtte Signaler fir Stuermstéiss am Beräich vun den 80 km/h.


D’Berechnung vun de Wandvitesse fir de Méinden | Grafik: wxcharts.com

Zousätzlech hu mir et mat engem klengen Donnerwiederrisk ze dinn. D’Haaptgeschéie spillt sech zwar knapp südlech vun eis of – an awer ka net ausgeschloss ginn, dass sech mol eng Zell bis heihin “veriiert”. Sollt et dozou kommen, da géif dat an dësem spezifesche Beräich de Risk vu warnrelevante Stuermstéiss definitiv an d’Luucht drécken.

De Fazit ass also den, dass et muer mol sécher lefteg bis stiermesch gëtt, punktuell och mol warnrelevant (erreeche vun der Warnschwell vu mindestens 75 km/h). E klengen Donnerwiederrisk besteet och, mee dat ass keng Garantie, dass et och wierklech dozou kënnt. Déi héchst Warscheinlechkeet besteet am direkten Ausland.

De Wand verschwënnt net

Och fir en Dënschde ginn et déi eng oder aner Modeller, déi erëm Stuermstéiss berechnen. Well d’Modeller sech ënnerteneen awer nach guer net eenz sinn, kënnt den Update dozou eng aner Kéier.