“Fire Devils” bei Bëschbrand am Norde vum Land

Duerch déi extrem héich Temperaturen a staark Drëchent ass d’Gefor vu Bëschbränn hei zu Lëtzebuerg schon zanter e puer Wochen däitlech erhéicht. Nodeems et an de vergaangenen Deeg eenzel Wisebränn gouf, koum et am Verlaaf vum Freidenomëtten zu engem Bëschbrand tëschent Schlënnermanescht a Konstem.

Fotoen: Anna Moki

Staark Drëchent féiert zu Bränn

Mëttlerweil sinn d’Biedem esou drëchen, dass nëmmen e Fonken duergoe kéint, vir e grousst Feier ze entfachen. Am Laaf vum Freidenomëtten huet et ugefongen an engem Bësch tëschent Schlënnermanescht a Konstem ze brennen. Esou Bëschbränn entstinn nëmme ganz rar duerch “Selbstentzündung”, soudass a 95% vun alle Fäll de Mensch an iergendenger Weis dru Schold ass. Daat kann duerch Zigaretten, déi een einfach an d’Natur gehait, geschéien oder ënnert anerem och schon duerch d’Parken op drëchene Wisen.

Iwwer 8 Hektar Bësch si vum Brand betraff. Iwwer 100 Pompjees- a Rettungsleit si mat 30 Asaatz-Gefierer op der Plaatz (Stand spéide Freidenowend). D’Corpse vun Alebësch, Bettenduerf, Bissen, Buerschend, Dikrech, Fiels, Géisdrëf, Housen, Lëntgen, Miersch, Noutem, Ëlwen, Weiler, Woltz a Wëntger sinn op der Plaatz, sou d’Lëtzebuerger Wort.

Beandrockend Schauspill

An de Bëschbrand verwéckelt waren och e puer sougënannt “Fire Devils”, och gäre “Feiertornado” genannt, waat awer net de korrekte meteorologësche Begrëff dovir ass. Bei deem ganzen huet et sech ëmt eng Kleintrombe gehandelt. Daat ass e Loftwirbel, deen a kenger Verbindung zu iergendenger Wolléck steet an oft och just wéineg Meteren héich ass. Se kënnen entstoen, wann duerch den iwwerhëtzte Buedem waarem Loftblosen (Thermik) un engem Punkt opsteigen an duerch e liichte Wiessel vu Wandvitesse- a Richtung (Wandscherung) a Rotatioun gerooden. Doduerch mëcht sech dann e Wirbel bemierkbar, deen hei beim Bëschbrand als richtëge Feierwirbel (och nach Feuerteufel oder Fire Devil genannt) aktiv war. Där Wirble goufen der direkt e puer observéiert, wéi een op de Fotoe gesäit.

Weidert Schauspill: Feiertornadoen (Fire Devil)

Ënnerscheed zu engem Tornado

En Tornado ass eng Großtrombe. E “Staubteufel” oder och “Dust Devil” (an dësem Fall war et jo e “Feuerteufel” oder “Fire Devil”) fällt ënner d’Kleintrombe an ass an de meechte Fäll nëmmen harmlos. En Tornado schrauft sech aus enger rotéierender Wolléckebasis je no Rotatiounsstärkt aus der Wolléck eraus a mëcht sech als “Funnelcloud” op de Wee no ënnen. Réicht wann de Loftwirbel de Buedem beréiert, schwätzt een vun engem Tornado. Vir dëse Status ze ereeche, muss den Triichter mol net zwéngend bis op de Buedem auskondenséiert sinn. En Tornado kann am schlëmmste Fall Wandvitesse vu bis zu 500 km/h oder driwwer produzéieren a grousse Schued uriichten. Se si meechtens just wéineg Minutten aktiv, an eenzelne Fäll awer och bis zu enger Stonn an driwwer.

Eng Kleintrombe ass, wéi virdrunner scho betount, an de meechte Fäll harmlos a riicht kee Schued un. Meechtens verfaale se och scho no wéinege Sekonnen. Just a rare Fäll gi se méi grouss a kënne souguer Wandspëtzte vun iwwer 100 km/h produzéieren. Dës kënnen dann och gäre mol e puer Minutte laang bestoe. Bei de staarken Exemplarer ka beispillsweis e Sprangschlass mat de Kanner e puer Meter wäit fortgedroe ginn, wéi et den 11. Juli 2015 géint 16:45 zu Heischent op engem Fest virkomm ass.

Wéi geet et déi nächst dräi Deeg am Détail virun?

Foto: Anna Moki