Fit bleiwen trotz Wanterblues

D’Deeg si gro, d’Stroosse naass a matscheg an d’Laun ass och net déi bescht. All Joer geroode vill Leit an denen donkle Méint an daat Stemmungsdéif, waat am Volléksmond och als Wanterblues oder Wanterdepressioun bekannt ass.

Mee waat ass den eigentlechen Grond fir des Stemmungschwankung? 

D’Äntfert ass amfong ganz einfach: Déi fehlend Daagesluucht. Daat natiirlëcht Liicht provozéiert d’Produktioun vun Serotorin, engem Gléckshormon an eisem Kierper. Mee meechtens fehlt ët an de Méint vu November bis Februar oft u vill an heller Luucht. Dofir produzéiert de Kierper en Iwwerfloss vu Melatonin, e sougenanntent “Schloofhormon”, waat dofir suegt, dass mir rouëg schloofe kennen. Dëst Hormon gëtt allerdéngs an dene méi donkele Stonne vum Daag produzéiert.

  • eis gesamt biologësch Auer gëtt op d’Kopp gedréint an et ass een trotzdem midd, och wann een regulär 8 oder méi Stonne geschloof huet
  • et huet een net vill Energie an et fehlt engem d’Loscht op iegendwei alles
  • et feelt engem u Konzentratioun a Motivatioun
  • et ass een esou richtëg schlecht gelaunt an ët wéilt een am léifsten de ganzen Daag am Bett leie bleiwen a Serie kucken

Mee net verzweiflen – Déi, déi net waarde kënne bis endlech d’Fréijoer oder de Summer a Siicht ass a sëch daat ganzt rëm vum selwen apendelt, dee kann eppes géint den Wanterblues ënnerhuelen. Och wann et ganz banal Saache sinn, wann een de Wëllen huet an daat ganzt positiv ugeet, da geet et baal ganz vum selwen:

  • positiv denken
  • Raus un d’frësch Loft goen; evt 15-30 Minutte spadséiere goen, och wann d’Sonn sech net weise kënnt.
  • Sëch déi fehlend Sonn Heem huelen; evt Vakanzefotoen ophänke; d’Wunnéng mat ë puer summerlëchen Akzenter dekoreiéren (Rout, Orange, Giel,..)
  • Farweg Kleedung, also net nëmme schwaarz a gro, mee och mol eppes méi opfälleges
  • Summerlëch oder rythmësch Musék lauschteren amplaatz vu melancholecher Trauermusék
  • Aktiv bleiwen an déi gudd Viirsätz endlech mol ungoen
  • Strukturéierten Daagesooflaaf
  • Seng sozial Kontakter pflegen a net nëmmen an der virtueller Welt Zait verbréngen

De Wanterblues vun dësem Joer ass sou gudd wéi iwwerstaane mee de nächste kënnt bestëmmt – fir deen sollt Dir dann awer beschtens virbereed sinn.