FLORIDA: Extrem geféierlechen Hurrikan MICHAEL trëfft u Land

Den 2. Oktober 2018 huet den National Hurricane Center (kuerz NHC) ugefong, Informatiounen iwwer e Gebitt mat déiwem Loftdrock erauszeginn, waat sech iwwert dem Südweste vun der karibëscher Séi forméiert haat. Dëse System huet sech dunn de 7. Oktober nordöstlech vun der Küste vu Belize an en Tropestuerm weiderentwéckelt, deem de Numm MICHAEL zougewise gouf. Mëttlerweil ass de MICHAEL en extrem geféierlechen Hurrikan vun der 4ter Stuf.

“Landfall” um Mëttwochowend

De Kategorie 4- Hurrikan MICHAEL, mat Wandspëtzte vu bis zu 235 km/h, befënnt sech kuerz virun der Küst vum Florida Panhandle. U Land gi scho schwéier Stuermstéiss ereecht, waat sech an de nächste Stonne weiderhi verschlechtere wärt. De Wand ass dobäi net déi eenzeg Gefor: Iwwerdems de Stuerm iwwer d’Festland ewechzitt, muss mat Reenzomme vun iwwer 350 l/m² a kuerzer Zäit gerechent ginn. Dës Waassermasse kënne net einfach sou oflaafe, soudass mat groussen Iwwerschwemmungen ze rechnen ass. D’Stuermflut wärt dëst souguer nach begënschtëgen.

Den US-amerikanësche Wiederdéngscht rechent mat groussen Zerstéierungen an enger grousser Gefor vir Mensch an Déier. Gëschter Owend (09. Oktober) um 22 Auer eiser Zäit war de Stuerm nach als Hurrikan vun der zweeter Kategorie aktiv, erwaart gouf en Kategorie 3 Stuerm. De MICHAEL ass also zimmlech séier an onerwaart zu engem staarken, geféierlechen a liewensgeféierlechen Hurrikan ugewuess.

“Landfall” um Mëttwochowend

De MICHAEL ass séier

Den Hurrikan MICHAEL wärt sech net iwwer eng méi laang Zäit op der selwechter Plaatz ophaalen an austoben, wéi et den Hurrikan FLORENCE am September gemaach huet. Am Géigendeel: Schon am Laaf vum Freide verléisst de System d’amerikanëscht Festland a gëtt vum Jetstream “matgeschleeft”. Déi aktuell Berechnunge vum NHC weisen, dass de Stuerm esou schon um Sonndën als Ex-Hurrikan MICHAEL op eise Wiederkaarten opdauche kéint. Ob dësen dann nach eng Roll vir eis Spille wärt, gëtt leider réicht zu engem spéideren Zäitpunkt bekannt.

De MICHAEL ass mat engem Kärdrock vu 928 hPa de bisewell stärksten Hurrikan vun dëser Saison. E puer Medie no kéint et ee vun de stärksten Hurrikane ginn, déi op d’Festland vu Florida getraff sinn. Trotz Sëcherheetsmoossnahme muss leider mat groussem Material- a Persouneschued gerechent ginn.

Berechent Zuchbunn vum MICHAEL