Frankräich: Längst wanterlech Dréchent zanter Opzeechnungsufank

Bei de Fransousen ass wärend engem ganze Mount kee moossbare Reen erofkomm, wat zanter Opzeechnungsufank nach ni an engem Wanter virkomm ass.

Advertisement

Neien Dréchent-Rekord a Frankräich

Wéi MeteoFrance an de leschten Deeg matgedeelt huet, huet et am ganzen Hexagon 31 Deeg laang net gereent. Dat eenzegt wat erofkomm ass war ganz geréngfügege Nidderschlag, deen awer net wierklech konnt gemooss ginn an der Natur soumat och näischt bruecht huet. Ënner reefräien Deeg versteet een bei de franséische Noperen Deeg, un deenen et am Land akkumuléiert manner wéi 1 l/m² gereent huet. Dëst ass déi längst Serie un dréchenen Deeg zanter 1959 an iwwertrëfft déi deemooleg Drécheperiod vum 17. Mäerz 2020 bis de 16. Abrëll 2020. Esou eng laang Dréchentperiod gouf et am Wanter nach ni.

Mëttlerweil ass erëm bësse Reen ukomm

All ze vill Reen ass zwar bis ewell net gefall, an awer fänkt et un méi naass ze ginn.


Den aktuelle Reen um franséische Wiederradar, Stand 23.02.2023 – 13:45 Auer | Radar: meteociel.fr

Schonn gëschter huet sech e bësse Reen iwwer d’Land ewechbeweegt (vun de Quantitéiten hier net weider nennenswäert), duerch en Déifdrockgebitt kënnt et de Moment besonnesch iwwert dem Südweste vum Land zum laang erhoffte Reen – deen den Defizit awer bei wäitem net wäert ausgläichen.

Schonn zanter 2021 gréissere Reemangel a Frankräich

Déi tëschenzäitlech agrenzbar Period vun elo, wou et der Definitioun no zanter 31 Deeg net gereent huet, ass zwar eriwwer – an awer däerf ee net vergiessen, dass Frankräich et zanter dem Summer 2021 am allgemengen mat engem gréissere Reendefizit ze dinn huet. Bis op dräi Méint war all eenzelne Mount zanter August 2021 ze dréchen. MeteoFrance no soll de momentane Wanter och mat Sécherheet zu den zéng dréchensten zanter 1959 zielen. Fir de Februar 2023 gëtt sech am Endeffekt erwaart, dass nëmmen d’Hallschent vum Soll vum Reen zesummekënnt – wann iwwerhaapt.