Fréijoerswieder ënnerwee: Modeller schléissen 20 Grad net aus

De Weekend soll et kuerzzäiteg a lokal erëm méi wanterlech ginn, fir d’nächst Woch schaffen d’Modeller awer schonn erëm un iwwerduerchschnëttlech héijen Temperaturen.

D’Fréijoerswieder ass net wäit ewech

D’Wiedermodeller deite schonn zanter e puer Deeg un, dass sech vun der nächster Woch un fréijoersméissegt Wieder a Mëtteleuropa breetmaache soll. Och de Moment rechnen se ëmmer nach mat dësem Zenario, et freet sech just fir wéi laang dat esou bleiwe soll.


En Héichdrockgebitt bréngt eis déi iwwerduerchschnëttlech a fréijoersméisseg Temperaturen op Lëtzebuerg | Grafik: wxcharts.com

Nodeems eis de Weekend eng Kalfront kuerzzäiteg a lokal méi wanterlecht Wieder brénge wäert, areechen eis schonn um Sonnden ëmmer méi mëll Loftmassen. Duerch en Héichdrockgebitt gi waarm a gréisstendeels dréche Loftmassen aus dem Mëttelmierraum resp. aus Spuenien & Portugal an eis Géigende gepompelt, déi eis Temperaturen heiheem däitlech eropdrécke wäerten. Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent fir de Méinden an den Dënschden mat Temperaturen am Beräich vun de 7 bis 10 Grad op 850 hPa, also enger Héicht vun annerhallwem Kilometer. Iwwersat op d’Temperatur op Buedemhéicht (2 Meter) géifen dat Wäerter vun tëscht 15 an 20 Grad bedeiten. Geet et dem aktuelle Stand no virun, dann erwaarden eis um Méinden Temperature vun tëshct 15 an 18 Grad an um Dënschden 17 bis 21 Grad. Och um Mëttwoch géif et dann mat 15 bis 20 Grad fréijoersméisseg an iwwerduerchschnëttlech waarm zu Lëtzebuerg bleiwen. An den Deeg drop kéinten d’Temperaturen dann erëm zréckgoen, well eis erëm méi kill Loftmassen aus dem Nordweste sträife kéinten. Dir mierkt, mir geroden an ee spekulative Beräich.

Wat de Wiederzoustand betrëfft hätte mir et um Méinden, Dënschden a Mëttwoch mat engem Mix aus Sonn a Wolleken ze dinn. An de Moiesstonne muss sech just de Niwwel séier genuch opgeléist kréien, dann steet e puer fréijoersméissegen Deeg näischt méi am Wee.