Fuesent: Wéi gëtt d’Wieder fir d’Dikricher Cavalcade?

Déi 56st Dikricher Cavalcade geet muer un de Start. Eng vun de wichtegste Froen ass awer déi, wéi d’Wieder gëtt. Mir maachen en Iwwerbléck.

Advertisement

De Reen verzitt sech ëmmer nach net

Um Sonnde leie mir am Aflossberäich vun engem Déifdrockgebitt, wat iwwert dem ëstlechen Däitschland läit. E weidert hu mir iwwert de britteschen Inselen, en anert virun der Westküst vu Frankräich. Mir leie quasi genee dotëscht, wouduerch et wuel och muer net komplett dréche wäert duerch den Dag goen.

De rezente Modellrechnunge no stinn eis muer um Sonnde vill Wolleken un, heiansdo besteet awer och eng kleng Chance op e sonnege Momenter. Wéi gesot, wäert et awer net ganz dréche bleiwen: D’Modeller rechnen all mat enger gewësser Schaueraktivitéit iwwert eisem Land, déi eis awer trotzdeem net all ze staarke Reen sollt matbréngen. Och vun de Quantitéiten hier si mir a kengem all ze héije Beräich. D’Warscheinlechkeet vun de meeschte Schaueren ass besonnesch vum Nomëtten un bis an den Owend eran am héchsten. Eréischt am Laf vum der éischter Dageshallschent vum Méinde soll et lues a lues méi laang kënnen dréche bleiwen.

D’Temperature beweege sech bei engem Maximum vun tëscht 7 a 9 Grad am Dikricher Raum. A Richtung fréie Méindemoie kann et bis op 5 Grad ofkillen.