Fuesent: Wéi gëtt d’Wieder fir d’Dikricher Cavalcade?

Muer geet déi 55st Cavalcade zu Dikrech un de Start. Well d’Wieder fir vill Leit eng entscheedend Roll spillt, kucke mir eis mol un, wat eis d’Modeller dann fir muer opdëschen.

Advertisement

Héije Loftdrock probéiert duerchzekommen

E Sonnde leie mir nach gréisstendeels ënner Déifdrockafloss. Eréischt am Laf vum Nomëtte kënnt en Héichdrockgebitt aus Frankräich eran, wat dësen déiwe Loftdrock probéiert a Richtung Däitschland fortzedrécken. Logescherweis huet dat och spierbar Auswierkungen op eist Wieder, déi mir a Richtung Nomëtten an Owend och ëmmer méi mierke wäerten.

Am Kloertext heescht dat, dass vum fréie Moien un bis an de fréie Mëtten era nach e puer Nidderschléi méiglech sinn. Dës komme meeschtens als Gefisems erof, plazeweis sinn awer och liicht Reeschauere mat dobäi. Duerch déi genannt Ëmstänn geet am Laf vum Nomëtten d’Warscheinlechkeet vu Schaueren a soss Nidderschléi a klenge Schrëtt no a no zréck a wann d’Sonn et nach ganz gutt mat eis mengt, kann déi sech och am Laf vum Nomëtten & a Richtung fréien Owend nach weise kommen.

Wat d’Temperature betrëfft gëtt et och net wierklech kal. Et sti Maximaltemperature vun tëscht 8 an 10 Grad am Dikrecher Raum um Programm, déi sech duerch e spierbare Wand awer e bësse méi kill ufille wäerten. De Wand bléist mat Spëtzte vun tëscht 30 a 45 km/h aus West-Nordwesten.

Wann een et mam Reen ganz genee wësse wëll, hei nach dat wat d’Modeller u Quantitéiten erausspäizen: Dem amerikanesche Modell no solle vu Moies bis Owes grad emol tëscht 0,5 an 1 l/m² Reen erofkommen. Den europäeschen ECMWF ass mat tëscht 1 an 2 l/m² dobäi, den däitschen ICON mat näischt bis 0,3 l/m² an de Super-HD Modell vu Kachelmannwetter weist knapp iwwer 1 l/m² op eis duerkommen. Dat bedeit also, dass et dem Gros vun de Modeller no zu kenge wierklech nennenswäerte Reequantitéite komme soll.

Fazit

Mir hunn definitiv schonn méi schlecht Wieder fir d’Cavalcade gesinn. D’Wolleke wäerte wuel dominéieren, mee a Richtung Nomëtte gëtt et Stéck fir Stéck manner naass. Méi fréi ass et fiicht duerch Fisemreen a kuerz Schaueren, esou richteg an d’Waasser fale soll den Dag awer net. De Prabbeli steet zur Optioun, mee mat enger Kappbedeckung wéi z.B Mutz ass ee schonn gutt opgehuewen.

Feiert gutt a passt op Iech op. Prost.