
Den Orkan Éowyn soll de Prognose no een vun de schwéierste Stierm vun de leschte Joerzéngte ginn. Fir déi éischt Kéier kënnt elo e spezielle Fuerschungsfliger vun den Hurricane Hunters aus den USA an den Asaz.
Advertisement
Den Éowyn kéint an d’Geschichtsbicher agoen
Wéi am leschten Update betount, huet sech de Stuerm Mëtt der Woch matten iwwert dem Atlantik ugefaangen, ze forméieren. An Tëschenzäit weist de Stuerm déi typesch Eegeschafte vun engem “Bomb Cyclone” op, wourënner een an der Meteorologie en Orkan versteet, deen sech immens séier verstäerkt an de Kärdrock ëm op d’mannst 24 hPa an Zäit vu 24 Stonne fällt. Zur Ënnerstëtzung déngt an dësem Fall och den immens aktiven Jetstream, deen dëst Déif a weiderer wéi op enger Autobunn a Richtung Europa dréckt.

D’Modeller si sech an Tëschenzäit driwwer eens, dass d’Orkandéif vun haut den Owend spéit un e markanten Afloss op de Südweste vun Irland wäert huelen. Muer de Moie fréi, ronderëm 7 Auer, soll un der westlecher a nordwestlecher Küst vu Westirland de gréissten Impakt erwaart ginn. D’Warscheinlechkeet, dass dobäi extrem Wandvitesse vun 200 km/h an driwwer optrieden, ass héich. Iwwert dem oppene Mier sinn esouguer Wäerter vun ëm déi 220 km/h net ausgeschloss. De Stuerm gëllt als immens geféierlech, déi brittesch Wiederdéngschter Met Office a Met Éireann deiten op eng eeschthaft Liewensgefor a Küstegéigenden an op exponéierte Plazen hin. D’Britte si Stuerm gewinnt, mee dëse ka méi zolidd ginn wéi d’Ophelia aus dem Joer 2017 an d’Eleanor aus dem Joer 2018.

Et ass och déi éischt Kéier, dass sech e Fuerschungsteam (Hurricane Hunters) vun der NOAA mat engem spezielle Fuerschungsfliger, dem Kermit (Lockheed WP-3D Orion), zu Shannon an Irland stationéiert hunn, fir reegelméisseg Missiounen duerch de Stuerm ze fléien. Dëst hëlleft, wäertvoll Donnéeën iwwert säi Parcours ze sammelen, duerch déi d’Prognose kënne verbessert ginn. Normalerweis kommen dës Fligere just bei tropesche Wirbelstierm an den Asaz, wat beim Éowyn net de Fall ass.
Weider ugespaant Situatioun, a wéi ass et heiheem?
Fir e Sonnde kënnegt sech dat nächst Orkandéif fir Irland an England un, mee ënner méi schwaacher Form. Duerch dëst Déif kritt och de Weste vu Frankräich, besonnesch d’Bretagne, och e Stuermfeld op – mee ëmmer nach méi schwaach wéi bei de Britten. Et ass net ausgeschloss, dass mir dëst Wand/Stuermfeld ënner weiderer Ofschwächung e Méinden och hei zu Lëtzebuerg ze spiere kréien – eng grouss Gefor besteet doduerch dann awer net. Och schonn e Samschde ka sech duerch déi dynamesch Wiederlag e klengt Randdéif an eis Géigende beweegen, wat eis och e Wandfeld matbréngt. Mee och hei gëllt ëmmer nach, dass keng eeschthaft Gefor fir Lëtzebuerg besteet.
Iwwert dem Atlantik schéngt d’Aktivitéit iwwert déi nächst Wochen awer nennenswäert ze bleiwen: Ëmmer erëm gi Stuermdéifer an de Modeller ugedeit, déi en Afloss op Groussbritannien kënnen huelen. Ob et dann och iergendwann fir eis méi eescht gëtt, wäert eis am Laf vun der Zäit beäntfert ginn.