Geminiden: Bis zu 120 Stäreschnäizen d’Stonn

An dëser Nuecht si bei gudde Konditioune rëm vill Stäreschnäizen ze gesinn.

Bis zu 120 Stäreschnäizen d’Stonn

D’Geminiden sinn, nieft den Quadrantiden, déi am Januar optrieden, de stärkste Meteorstroum vum Joer. Hieren Uersprong ass op den Asteroid “3200 Phaethon” zréckzeféieren, deen rondrëm d’Sonn kreest.

Grafik: skyandtelescope.com

D’Ärd geréit dann, wéi an bei de meechte Meteorstréim, an d’Stëppsfeld vum Himmelskierper. D’Partiklen vun dësem Stëppsfeld vergléien an eiser Atmosphär a gi sou als Stäreschnäize siichtbar.

Se schéngen dem Stärebild Zwilling ze entstréimen, vir sëch dann an all Richtungen ze verstreën. Bei gudde Konditioune kënne bis zu 120 Stäreschnäize beobacht ginn. Am beschte gesäit een se soubaal ët däischter ass, am beschten och außerhalb vun engem Duerf op engem fräie Feld. Och d’Wieder muss natierlech matspillen.

Aktuelle Berechnunge no wärt ët an der éichter Nuetshalschend meechtens liicht wolléckeg sinn, soudass een der nach e puer ka gesinn. Duerno gëtt ët awer lues a lues méi wolléckeg, méiglegerweis och niwwlëg. D’Chancen, ë puer Stäreschnäizen ze gesinn, ginn dann also manner gutt.