120 Exemplarer pro Stonn
Enn der Woch gëtt de Maximum erwaart, mee och elo scho kann ee vereenzelt Stäreschnäizen iwwert den Himmel husche gesinn. Dëst natierlech just, wann d’Wieder et och zouléisst.
De Maximum ereechen d’Geminiden an der Nuecht vum 13. op de 14. Dezember, pro Stonn ginn ongeféier 120 Stäreschnäizen erwaart. Am beschte kann een se an de fréie Moiesstonne vum 14. Dezember observéieren, well de Mound da schon ënnergaangen ass a soumadde keng gréisser Stéierungen duerch Liichtverschmotzung bestinn (virausgesaat et befënnt een sech wäit genuch vun Dierfer an anere grousse Liichtquelle fort).
Wéi gëtt d’Wieder?
De Koméit “Phaeton” mecht et méigleg
De Radiant, also de Punkt, vun dem d’Stäreschnäizen eroofzefaale schéngen, ass d’Stärebild Zwilling. Dëst ass gutt duerch déi zwee hell Haaptstäre Castor a Pollux ze erkennen. Wéi bei all Meteorstroum duerchflitt d’Ärd d’Stëbswolléck vun engem Asteroid. Bei de Perseiden, déi am August hiere Maximum ereechen, ass et den 109P/Swift Tuttle. Bei de Geminiden ass de Koméit Phaeton vir daat flott Schauspill verantwortlech. Beim Duerchfléie vun der Stëbswolléck geroode kleng Partiklen an eis Ärdatmosphär a vergléien, wouduerch dann d’Stäreschnäize siichtbar ginn.
Dëse Meteorstroum ënnerscheed sech awer an engem Punkt vun denen aneren (ganz ofgesinn vun der Unzuel pro Stonn): Se zéie vergläichsweis lues iwwert den Himmel, waat mat der Antrëttsgeschwindëgkeet vun de Partiklen ze dinn huet.