Gëschter hate mir et richteg spierbar mat Temperature wéi am Fréijoer ze dinn. Däitlech gëtt dat virun allem, wann ee wees, dass déi duerchschnëttlech Maximaltemperatur an engem Februar bei 5,2°C läit.
Advertisement
Iwwerduerchnëttlech Temperaturen – geet et och esou virun?
An dëser Wiederwoch si mir ëmmer méi ënnert eng immens mëll südwestlech Stréimung geroden, déi mir déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik an héijem Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum esouwéi och dem Südoste vum Kontinent ze verdanken hunn. Gëschter um Donneschde sinn d’Temperaturen op e Maximum vu 15,2°C geklommen, dat un der Kachelmann-Wiederstatioun zu Schengen. D’ASTA-Statioun vu Gréiwemaacher kënnt mat 14,9°C op déi zweet Plaz, déi vu Réimech beleet mat 14,8°C déi drëtt. Domat goufen déi prognostizéiert 15°C erreecht.
D’Zoufuer vun dësen immens mëlle Loftmassen wäert an de nächsten Deeg awer méi oder manner ënnerbrach ginn. Esou richteg kal gëtt et zwar net, wanterlech schonn guer net – an awer klammen d’Wäerter net méi grad esou héich. Muer um Samsde si mir nach mat 9 bis 12 Grad dobäi, e Sonnde gi 7 bis 10 Grad erreecht. E Méinde gëtt et nach änlech, mee duerno sollte mir an engem Beräich vu meeschtens 5 bis 9 Grad ënnerwee sinn. Dat ass, wéi gesot, trotz dem klenge Réckgang, ëmmer nach ze mëll fir d’Joreszäit. E Bléck, deen nach e bësse méi wäit an d’Zukunft geet, fannt Dir am Artikel vu gëschter.