Dass de Summer nach net gelaf ass, dat ass sécher. Elo geroden awer ëmmer méi Schlagzeilen mat deels extreemer Hëtzt an de Fokus. Wat huet et domat op sech?
Advertisement
De Summer ass nach net eriwwer
Och wann dat subjektiv a ville Fäll net esou wouergeholl gëtt, entsprécht de Summer, wéi e bis ewell verlaf ass, méi der west- a mëtteleuropäescher Normalitéit wéi déi rezent vergaange Summeren – déi ware nämlech ze waarm bis vill ze waarm an hunn a Saache Reen extreem Anomalie no ënnen esouwéi no uewen opgewisen. Et ass zwar dëse Summer plazeweis ze naass, mee déi extreem Anomalie vun deemools sinn awer wäit fort.
Op déi momentan Woch bezunn erliewe mir haut um Dënschde viraussiichtlech de wäermsten Dag, de Modeller no stinn tëscht 26 an 30 Grad um Programm. Muer um Mëttwoch an och um Donneschde klammen d’Wäerter op héchstens 25 Grad, e Freiden deet sech net vill drun. Eréischt vum Samsden un ass dann erëm mat engem Opwäertstrend ze rechnen.
Reenméisseg stinn eis an der éischter Hallschent vum Mëttwoch e puer Schaueren un. Weider vereenzelt Schaueren mat meeschtens geréngfügeger Intensitéit sinn och en Donneschden esouwéi e Freide net ausgeschloss – vill kënnt awer net erof. Méi iwwert de Verlaf vun der Woch fannt Dir am Wochenausbléck vu gëschter.
Gréisser Hëtzt ënnerwee?
Ëmmer méi Modeller berechnen, dass sech fir den Ufank vun der nächster Woch e méi markante Wiermt-Bierg vum Mëttelmierraum/Spuenien aus soll a Richtung Mëtteleuropa opwölben. Ier mir eis awer op méiglech Wäerter aloossen, sief gesot, dass dësen Artikel eng Momentopnam ass. Et ass nämlech, wéi gesot, nach eng Zäitchen bis dohin – dohier ass et nach net grad definitiv, mee d’Iddi steet.
De momentane Berechnunge vum europäesche Modell no leet sech de markanten Hëtzt-Deel e Méinde quasi direkt iwwert eis Regioun. Dem amerikanesche Modell no gesäit et änlech aus, a Frankräich géif et awer trotzdem nach e Stéck méi markant zougoen. Déi direkt Modell-Outputs berechne fir Zentralfrankräich Héchstwäerter vu bis ëm 40 Grad. Iwwert der Belsch, Holland, Däitschland an och Lëtzebuerg géife verbreet op d’mannst 30 Grad erreecht ginn: Fir Deeler vum Weste vun der Belsch, Nordrhein-Westfalen an och dem nordwestleche Baden-Württemberg gi Peaks vun tëscht 33 a 36 Grad berechent, zu Lëtzebuerg 34 Grad.
De Méinden ass mëttlerweil och an der Reechwäit vum méi héichopléisenden däitschen ICON-Modell. Dëse berechent eng däitlech méi markant Hëtzt fir déi däitsch Deeler: Am Südwesten an och Nordwesten wieren tëscht 35 a 40 Grad ze erwaarden, falls sech dëse Modell sollt duerchsetzen. Zu Lëtzebuerg géif de Peak bei 35 Grad leien.
Mir schwätzen hei vun direktem Modell-Output, wat heescht, dass déi tatsächlech Wäerter duerch Faktoren wéi de Sonnestand ëm dës Joreszäit an och dem Grad, wéi wollekeg et ass, kënne beaflosst ginn. Sollt sech eng esou waarm Loftmass iwwert eise Käpp astellen, da kann dës, potenziell gesinn, tatsächlech Wäerter vun ëm 35 Grad a méi fräisetzen.
De Fazit
Et ass also definitiv eppes “am Busch”. Well et zäitlech awer nach e bëssen dauert, sinn déi elo just genannt Temperature nach net als festgeluecht unzegesinn. Dohier wäerte mir Iech reegelméisseg Updates zu den Entwécklunge bréngen.