Scho gläich rem iwwer 20 Grad, mee kaal Nuechten

Ofgesinn vum Dënschden (2. Oktober), wou d’Temperaturen eppes ënnert der Moyenne loungen, ass bis de Freide mat Werter ze rechnen, déi normal vir d’Joereszäit sinn. Duerno ka sech awer rem eng Lag astelle, bei där et däitlech ze waarem kéint ginn.

Weekend iwwerduerchschnëttlech waarem?

De Ufank vun der Woch huet zimmlech kill ugefong, se war souguer liicht ze kill. Dobäi koum et ëmmer rem zu décke Wollécken an eenzelne Schaueren. Ab dem Mëttwoch si mir temperaturtechnësch awer rem an deem Beräich, waat vir de Mount Oktober normal ass. Dës Phase wärt awer net all ze laang unhaalen: Ab dem Donnëschde ass et scho liicht ze waarem vir d’Saison, um Weekend laut de Modeller souguer däitlech. D’Sonn soll sech dobäi och ëmmer besser duerchgesaat kréien. Bis de Samsde soll et aktuelle Kenntnisser no zimmlech mëll ginn zu Lëtzebuerg, daat a Begleedung vun ëmmer méi Sonn. Duerno soll awer rem e liichten Ofstuerz kommen, wou rem mat Schaueren ze rechne wier. Waat de Reen ugeet: vum Donnëschde bis de Samsden ass kaum mat Nidderschléi ze rechnen.

Temperaturanomalie an 850 hPa (wxcharts.eu)

Buedemfrascht a glaat Stroosse méigleg

Och wann et am Laaf vun der Woch am Dag ëmmer méi waarem gëtt, killt et an der Nuecht opgrond vun engem kloeren Himmel gutt of. D’Temperature faalen an der Nuecht op den Donnëschden z.B op 6 bis 4 Grad, an eenzelnen Däller kann et awer op 3 bis 0 Grad zréckgoen. Duerch Temperature vun ënner Null um Buedem selwer si Buedemfrascht a glaat Stroossen als wahrscheinlech anzestufen. Daat selwecht gëllt iwwrëgens vir d’Nuecht op de Freiden.

Klenge Réckgang kéint net laang unhaalen

Folgend Zeile kann een natierlech duerch den zäitlechen Ofstand nach net confirméieren, mee den aktuellen Ensemblerechnunge no géif no dem klenge Réckgang, also tëschent dem 7. an dem 11. Oktober, eng Wiederlag astelle, bei där et ëmmer méi a Richtung 20 Grad oder liicht driwwer goe géif. Mir gesinn, dass d’Memberen (also déi eenzel kleng Linne) wäit ausernee ginn, soudass et wierklech nach net secher ass. Sollt et awer sou kommen, dann hätte mir scho rem e Mount, deen däitlech ze waarem ausfaale géif.

Wéieng Variant wier da nach méigleg? Wa sech déi méi niddrëg Memberen duerchgesaat kréien, da géifen eis méi normal Werter erwaarde. Se géifen dann am grousse ganzen tëschen 12 a 18 Grad leien. Waat de Reen ugeet gesäit et scho mol zimmlech secher rem ze drëchen aus, et ass vun haut bis un d’Enn vun der Prognos-Period mat ze wéinege Nidderschléi ze rechnen.

GEFS Ensemble