Gëllënen Oktober steet un

Déi wolléckeg Deeg si gezielt, elo gëtt den Oktober nachengkéier alles. Dës Zäit sollt een awer genéissen, well awer schon rëm een Enn ze gesinn ass.

Gëllënen Oktober

Mëtteleuropa geréit vum Weekend un ënner stabilen Héichdrockafloss, soudass d’Wieder logëscherweis och besser gëtt. Ët ass domadden also mat vill Sonn, ë puer wéinëge Wollécken a méi waarmen Temperaturen ze rechnen. An de Moiesstonnen kann ët awer nach jeweils zu méi décke Niwwelfelder kommen, déi sëch dann am Laaf vum Virmëtten opléise wärten.

Grafik: WXCHARTS.eu

Ze rechnen ass mat Temperaturen vun 17 bis 22 Grad, lokal kéinten 23 Grad nët ganz ausgeschloss ginn. Ausser Niwwel ass u Nidderschléi näischt ze gesinn.

Aktuelle Berechnungen no wärt daat schéint Wieder nach bis rondrëmt den 18. Oktober unhaalen, duerno kéint ët rëm méi ongemittlech ginn. Vun dësem Ensemble kann een beispillsweis ofliesen, dass ët dann och rëm lues a lues méi kill gëtt an de Reenrisk klëmmt. Ët sollt een also vum ustoenden “gëllënen Oktober” profitéieren.


Grafik: meteociel.fr