Glëtz-Update: De Fuerplang fir déi nächst Stonnen

Eng Waarmfront suergt an der Nuecht dofir, dass de Schnéi a Reen iwwergeet – a sech um nach gefruerene Buedem festsetzt. Muer de Mëtte kënnt en Temperaturpeak op bis zu 11°C!

Advertisement

Net esou geféierlech wéi viru bal engem Joer

Virun engem gudde Joer, de 17. Januar 2024, hate mir eng richteg markant Situatioun duerch Glëtz. Op d’Äisschicht, déi dovun ausgeléist gouf, huet et kuerz drop och massiv geschneit, wat d’Autofuere kuerzzäiteg bal onméiglech gemaach huet. Zwar gëtt et och bei der elo ustoender Lag glat, mee se wäerte net gläichzestelle sinn. Schold drun ass eng Waarmfront, déi sech an der Nuecht iwwert déi kill Loftmassen dréckt, déi mir hei ënne nach hunn. Heizou nach eng Kéier d’Konzept vun enger typescher Glëtz-Wiederlag:


Déi atmosphäresch Schichtung vun de Loftmassen am Fall vu Glëtz | Grafik: National Weather Service (NWS)

Unhand vun der Grafik gesi mir ganz gutt, dass kill Loftmasse méi schwéier sinn, wéi waarmer. Am Ufank kënnt dat meescht nach als Schnéi erof – mee wat sech déi waarm Loftmass méi wäit an déi méi niddereg Schichte virugeschafft kritt, wat och eis Nidderschlagszorten änneren. Iergendwann reent et just nach, iwwerdeems de Buedem selwer awer ëmmer nach gefruer ass.

De Fuerplang

Ganz exakt kann een d’Zäitpunkten vun dëser Wiederlag net viraussoen, mee et kann ee verlässlech Unhaltspunkte ginn. Schonn den Owend kann et zu eenzelne Flacke komme, mee de meeschte Modeller no mierke mir den éischte méi relevanten Effekt vun der Waarmfront iergendwann tëscht 22:30 a 00 Auer. Well déi waarm Loftmassen awer eréischt ganz do uewen an der Atmosphär sinn, kënnt et zu enger zäitlech limitéierter Schnéiphas. Wéi laang déi wierklech geet, gëtt ënnerschiddlech berechent, mee de Schluss sollt tëscht 2 a 4 Auer sinn. Wärend dëser Zäitspan fänkt et och op den éischte Plazen u mat reenen – dëse Glëtz fällt dann entweder op de Schnéi, oder och op de “plakesche” Buedem, falls et manner geschneit huet wéi berechent. An dësem Fall wier d’Léisung mam Schnéi awer méi ideal, well dat den Effekt vum Glëtz begrenzt – et gëtt net esou glat, wéi wann de Glëtz op net-schnéibedeckte Buedem fällt. D’Phas mam Glëtz soll bis tëscht 6 an 8 Auer daueren, ier et awer och schlussendlech um Buedem selwer ze mëll gëtt, fir dass sech weiderhin Äiscouche kënne forméieren.


D’Modellrechnunge sinn zimmlech konsistent bliwwen | Animatioun: wxcharts.com

Op de Koppen am Norde leien aktuell (04.01.2025 – 16:18 Auer) nach ëm 3 cm Schnéi. Doduerch, dass et virum Glëtz nach zu (deels kräftegem) Schnéifall kënnt, kënne nach eng Kéier 1 bis 4 cm dobäikommen. Eenzel Modeller wëllen och eppes méi wéi 5 cm Neischnéi laanscht déi äusserst Grenzen zur Belsch net ausschléissen, mee dat bleift ofzewaarden. Och am Rescht vum Land ass eng dënn Couche vun temporär 1 bis ëm 3 cm net onméiglech. D’Warscheinlechkeet vun enger markanter “Drosselung” vun der Wierkung vum Glëtz ass op de Koppen also am héchsten.

Muer am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 7 an 11 Grad erreecht, e Méinde wieren et esouguer 9 bis 13 Grad – de wanterleche Charakter verléisst eis also geschwënn, fir awer méiglecherweis scho séier erëmzekommen. Méi dozou an de nächsten Artikelen.