Haut: Ab dem Nomëtten Donnerwiedere méigleg

Déi aktuell Wiederlag begënschtëgt d’Entstéiung vun Donnerwiederen. De Modellrechnunge no ka sech daat am Laaf vum Nomëtten/Owend bei eis bemierkbar maachen.

Donnerwiederpotenzial vum Nomëtten un

Ët ass nach nët sëcher, ob tatsächlech en Donnerwieder kënnt oder net. De Moment kann ee just vun enger Wahrscheinlechkeet/engem Potenzial schwätzen. Dohier koum gëschter Owend och schon eng dementspriechend Virwarnung online. Dass ët awer nët sou onwahrscheinlëch ass, dass eppes bei eis kënnt, well ech Iech awer elo unhand vun engem Modellvergläich weisen. (Grafiken: wxcharts.eu)

GFS

ARPEGE

HIRLAM

AROME

HARMONIE

Fazit

Ët gëtt also en allgemengt Averständnis tëscht de Modeller, dass am Nomëtten bis an den Owend eran Donnerwiedere méiglëg sinn. Déi geneeë Zuchrichtungen an Intensitéite si just nach net sou sëcher. Dës Informatioune stelle sech och réicht eraus, wann d’Zellen ënnerwee sinn. No 15:15 gidd Dir op der Météo Boulaide Facebooksäit um Laafenden gehaalen. Am Fall vun engem Donnerwieder kann een sech awer scho mol sëcherlech op zolitte Reen astellen.