Haut ass de Weltdag vun der Meteorologie

Den Dag vun haut ass e ganz besonnëgen. Ët ass de Weltdag vun der Meteorologie a soll an éichter Linn un d’Weltorganisatioun vir Meteorologie (WMO) erënneren, déi am Joer 1950 gegrënnt ginn ass.

De Sënn vun der WMO ass ët, mat Hëllef vu Wiederstatiounen, déi Wiederdaten ronn rondrëmt d’Welt registréiere mee och duerch Prognosen präzis a verlässlëch Informatioune fir de Loft- mee och Schëffsverkéier ze sammlen. Och d’Landwirtschaft profitéiert weltwäit dovunner. Duerch dës Organisatioun ass ët méiglëg, d’Fuerschung zur Meteorologie op der ganzer Welt virunzedreiwen.

Nët nëmmen d’Fuerschung usëch ass e remarkable Punkt, mee och d’Zesummenarbëcht ënnert de Länner, ganz onofhängëg vun der politëscher Situatioun. Den Austausch vu Wiedermeldunge, Prognosen an Daten ënnert de verschiddene Länner ass ganz wichtëg, virun allem, well d’Wieder keng Grenze kennt.

All Joer steet am Zeeche vun engem speziellen Thema, waat vun der WMO festgeluecht gëtt. An dësem Joer heecht dëst “Weather-ready, climate-smart”. An de 17 Joere virdrun waren ët dës Themen:

  • 2017: “Understanding Clouds”
  • 2016: “Hotter, drier, wetter. Face the Future”
  • 2015: “Climate Knowledge for Climate Action”
  • 2014: “Weather and climate: engaging youth”
  • 2013: “Watching the Weather to Protect Life and Property”
  • 2012: “Powering our Future with Weather, Climate and Water”
  • 2011: “Climate for you”
  • 2010: “60 Years of Service for your Safety and Well-being”
  • 2009: “Weather, climate and the air we breathe”
  • 2008: “Observing our planet for a better future”
  • 2007: “Polar Meteorology: Understanding Global Impacts”
  • 2006: “Preventing and Mitigating Natural Disasters”
  • 2005: “Weather, Climate, Water and sustainable development”
  • 2004: “Weather, Climate and Water in the Information Age”
  • 2003: “Our Future Climate”
  • 2002: “Vulnerability to Weather and Climate Extremes”
  • 2001: “Volunteers for Weather, Climate and Weather”
  • 2000: “The World Meteorological Organization – Fifty Years of Service”