Haut um Freiden: Wiederrisk geet an d’Luucht

Haut um Freide ginn d’Loftmasse méi fiicht, iwwerdeems et awer nach eng Kéier bis zu 32 Grad waarm gëtt. De Risk vu Schaueren a Wiedere geet an d’Luucht.

Nëmme punktuell méi zolitt

De genannten Donnerwiederrisk bezitt sech op eng gréisser Fläch déi sech vun der Mëtt vu Frankräich bis erop iwwer Lëtzebuerg & d’Belsch bis an de Südwesten a Weste vun Däitschland eran erstreckt. Déi méi intensiv Entwécklungen triede net flächendeckend op, mee just op lokaler Basis.

Um Freidemëtte kënnt eis fir d’Eischt eng Konvergenzzon méi no, duerch déi d’Entstéiung vu Schaueren an Donnerwieder ugedriwwe gëtt. Méi spéit kënnt dann och nach eng Kalfront an d’Spill, déi um Freidenomëtte nach iwwert dem Weste vu Frankräich läit. Den Donnerwiederrisk zitt sech also vum fréie Nomëtte bis an d’Nuecht op de Samsden eran, méiglech ass dobäi haaptsächlech Staarkreen. Niewebäi, a just am Beräich vun de kräftegsten Zelle, kann et mol zu Knëppelsteng bis 3 cm am Duerchmiesser a stiermesch Wandstéiss vu 50 bis 80 km/h kommen.

Video vum 25. Juni 2020

Halt hei d’Warnungen an de Convective Outlook am Bléck.