Haut viru 15 Joer: Den Orkan KYRILL zitt iwwert eis ewech

Haut viru 15 Joer ass den Orkan KYRILL iwwert eis ewechgezunn. Dem een oder aneren ass dëse Numm sécherlech nach e Begrëff. Titelbild: ARD

Verbreet Wandvitesse vun iwwer 100 km/h

Den Orkan KYRILL ass deemools vum Atlantik hier komm an ass dunn mat sengem Kär iwwert de Norde vun England & d’Nordséi eriwwer a Richtung Ostséi virugezunn. Mat dobäi war e groussflächegt Stuermfeld, wat virun allem an Däitschland fir grousse Schued gesuergt huet. Et war déi éischt Kéier an der Geschicht vun der Republik, dass de Schinneverkéier huet missen agestallt ginn. A ganz Europa si 40 Mënschen duerch de Stuerm ëm d’Liewe komm, alleng an Däitschland waren et 13 Persounen.


E puer vun den héchste Wandvitessen un de Meteomedia-Statiounen | Quell: MeteoGroup

Zu Lëtzebuerg ass un dësem Dag och signifikante Schued ugeriicht ginn, allerdéngs a ganz aneren Dimensioune wéi an Däitschland – eis Noperen huet et nämlech vill méi uerg getraff. Déi héchst Wandvitesse konnten deemools un der (dunn nach) Meteomedia-Statioun zu Ëlwen mat 115 km/h gemooss ginn, direkt hannendrun war d’Statioun Beetebuerg-Obeler mat 113 km/h. Un den anere Statioune louchen d’Wandspëtzte wärend enger laanger Zäit, vum fréien Donneschdemoien un bis an de Freidenomëtten eran, am stiermesche- bis hin zu Stuermberäich, op de Koppe waren tëscht 70 an 110 km/h dobäi keng Raritéit.

Iwwerdeems huet et och gutt gereent; zu Ettelbréck waren an Zäit vu 24 Stonnen knapp iwwer 40 l/m² Waasser vum Himmel komm. Mir hunn definitiv schonn méi markant Zuele gesinn, mee a Kombinatioun mam zolitte Wand waren et fir dat ganzt Land definitiv onroueg 24 Stonnen.

Däitschland: Wandvitesse vun 140 km/h an driwwer

An Däitschland louchen déi héchst Wandvitessen deen Dag verbreet tëscht 90 an 130 km/h. Um Fluchhafen zu Düsseldorf ass en Orkanstouss vun 145 km/h gemooss ginn, wat fir d’Flaachland eng uerdentlech Hausnummer ass. Et gëtt vermutt, dass beim Kalfrontduerchgang op méi Plazen 140 km/h erreecht oder bei wäitem iwwertraff goufen – de Schued war nämlech deels enorm. E weidere beandrockenden Orkanstouss war am Weinbiet op 553 Meter mat 163 km/h gemooss ginn.


D’Wandspëtzte vum Orkan KYRILL an Däitschland | Quell: Kachelmannwetter

Déi allerhéchst Vitesse si natierlech op de Bierger virkomm. De Brocken (1133 m) war mat 199 km/h dobäi, d’Wasserkuppe (921 m) mat 172 km/h, de Fichtelberg (1213 m) mat 183 km/h, de Feldberg am Schwarzwald (1489 m) mat 166 km/h, de Großer Arber (1436 m) mat 168 km/h, den Hohenpeißenberg (977 m) mat 162 km/h, d’Zugspitze (2964 m) mat 177 km/h an de Wendelstein (1832 m) mat 203 km/h.

Tornado-Outbreak un der Kalfront

Dem däitschen Tornadofuerscher Thomas Sävert no hätte sech un der Kalfront eng ganz Partie Tornadoe forméiert, vun deenen op mannst 6 konnte confirméiert ginn. D’Donkelziffer ass immens grouss.

Géint 18:40 Auer um Donneschdenowend ass e staarken Tornado duerch Lutherstadt Wittenberg am Bundesland Sachen-Anhalt gezunn an huet dobäi Schued am Wäert vun 10 Milliounen Euro ugeriicht. Dräi Leit goufe blesséiert.

Bei Brachwitz-Kemnitz am Süde vu Brandenburg ass eng méi wéi 10 Kilometer laang Schneis opgetrueden, an där zwee Haiser komplett zerluecht goufen. E Mann gouf dobäi schwéier blesséiert. Tëscht Kemnitz an Nettgendorf war eng 450 Meter breet Schneis virzefannen.

Géint 19:30 Auer ass e weidere staarken Tornado am Süde vu Brandenburg entstanen an huet sech vun Elsterwerda iwwer Kahla an Plessa op Lauchhammer a vun do aus weider a Richtung Schwarzheide beweegt. Zu Kahla si 4 Gebaier komplett an e Koup gefall an 20 weiderer goufe staark beschiedegt. Zu Lauchhammer ass Schued am Wäert vun 2 Milliounen Euro opgetrueden. D’Schneis war am Ganze méi wéi 30 Kilometer laang, den ugeriichte Schued léisst op en F3 Tornado schléissen (wat Wandvitesse vun tëscht 254 an 332 km/h entsprécht).

An Zäit vun e puer Stonnen ass et also zu op mannst dräi staarken Tornadoe komm, wat et an Däitschland esou warscheinlech nach ni ginn huet.

Quell Tornado-Outbreak: Unwetteragentur.de