Haut virun engem Joer: Staarken Tornado bei Nusbaum an der Äifel

Haut virun engem Joer hat sech un enger Donnerwiederlinn eng Superzell iwwer Lëtzebuerg forméiert, déi an der Äifel e staarken Tornado produzéiert hat. Et hätt och eis kënnen erwëschen.

Advertisement

Superzell mat Uersprong zu Lëtzebuerg

Am Nomëtte vum 21. September 2023 ass géint 14:20 Auer eng Donnerwiederlinn an de Weste vu Lëtzebuerg eragezunn. Am Ufank war et eng méi oder manner zoue Linn, mee wärend se iwwert eist Land ewechgezu war, huet se sech an e puer eenzel Segmenter mat Zellen gespléckt. Eng vun dësen Zellen ass géint 15:25/15:30 Auer westlech vu Beaufort a nërdlech vun der Fiels zu enger Superzell ginn – also zu engem Donnerwieder mat engem bestännegen a rotéierenden Opwand. Zur selwechter Zäit hat och eng Zell südlech dovun Hiweiser op Rotatioun gewisen, déi sech awer net konnt duerchsetzen.


Eent vun de gréisste Schuedensbiller hat sech an der Géigend vun der Brunnenstraße bei Nusbaum erginn | Foto: Florian Blaes

Déi dominant Superzell ass géint 15:40 iwwert d’Grenz zu Däitschland gezunn, den Tornado war awer nach net aktiv. Déi éischt tornadesch Spuren gouf et zu Hommerdingen an der Äifel, kuerz ier den Tornado dunn op de Raum Nusbaum iwwergegraff huet. Um weidere Wee louchen Halsdorf, Bettingen, Mülbach, Brecht a Wißmannsdorf, wou sech den Tornado opgeléist hat.


Um Buedem gesäit ee ganz gutt de “Foussofdrock” vum Tornado, fir uschléissend e ganzt Gebai ofzedecken | Foto: RTL Lëtzebuerg/Domingos Oliveira

Laut der European Severe Weather Database (ESWD) hat den Tornado eng Streck vun 13 Kilometer zréckgeluecht, déi duerchschnëttlech Breet vun der Schneis louch bei 80 Meter. D’Stäerkt gouf op IF2 estiméiert, wat heescht, dass Wandvitesse vun ëm 220 km/h opgetruede sinn. E war also nëmme minimal manner staark wéi de staarken Tornado, deen de 9. August 2019 am Südweste vu Lëtzebuerg opgetrueden ass. Zwou Persoune goufe blesséiert, glécklecherweis koum keen ëmt d’Liewen.

Tornado war gutt um Radar ze erkennen

Duerch déi klassesch Signatur op de Radarbiller hat ech deemools och en Tornado-Hiweis op menger perséinlecher Facebooksäit verëffentlecht:

Natierlech huet een dunn awer missen op Fotoen a soss Meldunge waarden, an déi koumen och no a no. Am Endeffekt huet dunn dës Foto fir Kloerheet gesuergt.