Hei vir an Däitschland: Gréissere Bëschbrand bei Taben- Rodt

Bei Taben- Rodt, net wäit ewech vu Serrig hei vir a Rheinland Pfalz, gëtt et ee gréissere Bëschbrand. Titelbild: News-Trier.de

De Mëtte géint 15:20 Auer koum déi éischt Meldung vun engem Groussasaz vun de Pompjeen bei Taben- Rodt, hei vir a Rheinland Pfalz. D’Pompjeeë vum ganze Landkrees Tréier- Saarburg an och aus dem Saarland sinn op der Plaz. Bis 16:50 Auer am Nomëtte war d’Feier ausser Kontroll. Et war un der B51 op der Héicht vun Taben- Rodt matten an engem Hang ausgebrach an huet sech séier ausgebreet. Kuerz drop goufen eng Partie Stroosse ronderëm d’Gebitt komplett fir den Traffik gespaart. Och déi Däitsch Bunn (DB) huet all d’Zich tëscht Serrig a Saarhölzbach annuléiert. Busser sollen d’Zich ersetzen.

Um 16:51 gouf gemellt, dass d’Feier wuel ënner Kontroll wier. Well et sech ëmt e gréissere Bëschbrand handelt, kënnen d’Aarbechte nach eng Zäit unhalen. Et weist, dass och elo am September nach d’Warscheinlechkeet vu Vegetatiounsbränn duerch déi unhalend Dréchent däitlech erhéicht ass. Gitt dowéinst verantwortungsbewosst mat der Natur ëm.